29. September 2026: N7 tëscht Maarnech an Housen ab 9 Auer wéinst Marquage-Aarbechten gespaart!

29. September 2026: N7 tëscht Maarnech an Housen ab 9 Auer wéinst Marquage-Aarbechten gespaart!

LU Wéinst Marquage-Aarbechten ass d’N7 tëscht Maarnech an Housen een Dënschdeg, den 29. September 2026, ab 9 Auer fir e puer Stonne gespaart. D’Gefierer aus Richtung Norden ginn iwwert d’Duerschterhaischen, Näidsen, Draufelt, Wëlwerwoltz a Pëntsch op Boukels ëmgeleet, déi aus Richtung Süden ginn hannert Housen iwwer Rouderssen an d’Dosberbréck op Maarnech geleet.

__________

FR En raison de travaux de marquage, la N7 entre Marnach et Hosingen sera fermée pendant quelques heures le mardi 29 septembre 2026, à partir de 9 heures. Les véhicules venant du nord seront déviés à partir du Dorscheiderhäuschen vers Bockholtz en passant par Neidhausen, Drauffelt, Wilwerwiltz et Pintsch ; ceux venant du sud seront déviés après Hosingen vers Marnach en passant par Rodershausen et Dasbourg-Pont.

__________

DE  Wegen Markierungsarbeiten ist die N7 zwischen Marnach und Hosingen am Dienstag, dem 29. September 2026, ab 9 Uhr für einige Stunden gesperrt. Fahrzeuge aus Richtung Norden werden ab dem Dorscheiderhäuschen über Neidhausen, Drauffelt, Wilwerwiltz und Pintsch nach Bockholtz umgeleitet, Fahrzeuge aus Richtung Süden werden hinter Hosingen über Rodershausen und Dasbourg-Pont nach Marnach geführt.

Flott Fotosandréck vum Houser Nuetsmaart 2026

Flott Fotosandréck vum Houser Nuetsmaart 2026

LU Vill Leit haten ee Freideg, den 18. September 2026, och dëst Joer erëm de Wee op d’Festwiss zu Housen fonnt, wou d’Gemeng Parc Housen zesumme mat der kommunaler Sport-, Jugend- a Kulturkommissioun op déi 5. Editioun vum Houser Nuetsmaart invitéiert haten. Bäi méi wéi 125 Stänn konnte sech d’Leit dobäi u Konschthandwierk, Dekoartikele, Bicher, regionale Produkter a natierlech och un Iessen a Gedrénks erfreeën. Fir bescht musikalesch Stëmmung hunn d’Tribute-Show « ABBA – Unforgettable » a « Les BRASSeurs » gesuergt. Ee flotten Owend, dee sou fir all Gout eppes ze bidden hat.

__________

FR Vendredi 18 septembre 2026, de nombreux visiteurs se sont une nouvelle fois rendus à la place de rencontre à Hosingen, où la Commune du Parc Hosingen et la commission communale des Sports, de la Jeunesse et de la Culture avaient organisé la 5e édition du Houser Nuetsmaart. Sur plus de 125 stands, les visiteurs ont pu découvrir de l’artisanat d’art, des objets de décoration, des livres, des produits régionaux et, bien sûr, de quoi se restaurer et se désaltérer. Le spectacle hommage « ABBA – Unforgettable » ainsi que « Les BRASSeurs » ont quant à eux assuré une animation musicale de qualité. Une superbe soirée qui avait de quoi satisfaire tous les goûts.

__________

DE Zahlreiche Besucher hatten am Freitag, dem 18. September 2026, auch in diesem Jahr erneut den Weg zur Festwiese in Hosingen gefunden, wo die Gemeinde Parc Hosingen und die kommunale Sprt-, Jugend- und Kulturkommission zur 5. Auflage des Houser Nuetsmaart eingeladen hatten. An mehr als 125 Ständen konnten sich die Gäste dabei an Kunsthandwerk, Dekoartikeln, Büchern, Regionalprodukten und natürlich auch an Essen und Getränken erfreuen. Für beste musikalische Unterhaltung sorgten derweil die Tribute-Show « ABBA – Unforgettable » sowie « Les BRASSeurs ». Ein toller Abend, der so für jeden Geschmack etwas zu bieten hatte.

Jugendtreff Norden: Entdeckt elo den Agenda an de Jugendhaiser am Norden fir d’Méint Oktober bis Dezember!

Jugendtreff Norden: Entdeckt elo den Agenda an de Jugendhaiser am Norden fir d’Méint Oktober bis Dezember!

LU Entdeckt am Agenda vum Jugendtreff Norden elo déi vill Aktivitéiten vum Jugendtreff Norden an de Jugendhaiser aus eiser Regioun an de Méint vun Oktober bis Dezember!

Op eisem Internetsite www.hosingen.lu fannt Dir ënnert der Rubrik Citoyens/Jeunes iwwregens och zu all Ament déi neiest Noriichten aus dem Jugendhaus.

__________

FR Découvrez dès maintenant dans l’agenda de la maison des jeunes « Jugendtreff Norden » les nombreuses activités proposées par les maisons des jeunes dans notre région d’octobre à décembre !

Sur notre site internet www.hosingen.lu, vous trouverez d’ailleurs à tout moment les dernières actualités de la maison des jeunes dans la rubrique « Citoyens/Jeunes ».

__________

DE Entdecken Sie im Agenda des Jugendtreff Norden jetzt die vielfältigen Aktivitäten des Jugendtreff Norden in den Jugendhäusern unserer Region in den Monaten Oktober bis Dezember!

Auf unserer Homepage www.hosingen.lu finden Sie unter der Rubrik Citoyens/Jeunes übrigens auch jederzeit die neuesten Nachrichten aus dem Jugendhaus.

Schrëtt fir Schrëtt a Richtung Enn vum Tunnel: Loosst Iech an eisem Video iwwer de Chantier fir de Bau vum Houser Contournement féieren!

Schrëtt fir Schrëtt a Richtung Enn vum Tunnel: Loosst Iech an eisem Video iwwer de Chantier fir de Bau vum Houser Contournement féieren!

LU Um Chantier fir de Bau vum Contournement vun Housen gëtt weiderhinn op Héichtoure geschafft. An eisem Video kënnt Dir Iech elo mat beandrockende Biller iwwer de Chantier féieren an Iech den aktuelle Stand vun den Aarbechten erkläere loossen.

__________

FR Les travaux se poursuivent à pleine vitesse sur le chantier du contournement de Hosingen. Dans notre vidéo, vous pouvez désormais découvrir le chantier à travers des images impressionnantes et obtenir des explications sur l’état d’avancement des travaux.

__________

DE Auf der Baustelle für die Umgehungsstraße von Hosingen wird weiterhin auf Hochtouren gearbeitet. In unserem Video können Sie sich jetzt in beeindruckenden Bildern über die Baustelle führen und den aktuellen Stand der Arbeiten erläutern lassen.

« Staying Alive »: Lued Iech elo déi nei App vum CGDIS erof an hëlleft Liewe retten!

« Staying Alive »: Lued Iech elo déi nei App vum CGDIS erof an hëlleft Liewe retten!

LU Bei engem Häerzstëllstand zielt all Sekonn.

Mat der neier App „Staying Alive LU“ vum CGDIS kënnt och Dir hëllefen, Liewen ze retten!

https://stayingalive.lu

__________

FR En cas d’arrêt cardiaque, chaque seconde compte.

Avec la nouvelle application « Staying Alive LU » du CGDIS, vous aussi, pouvez contribuer à sauver des vies !

https://stayingalive.lu

__________

DE Im Falle eines Herzstillstands zählt jede Sekunde.

Mit der neuen App „Staying Alive LU“ des CGDIS können auch Sie helfen, Leben zu retten!

https://stayingalive.lu

Z.A.E.R. Op der Héi: Dënschdes an donneschdes steet Iech ab elo an der regionaler Aktivitéitszon zu Housen ee Foodtruck zur Verfügung!

Z.A.E.R. Op der Héi: Dënschdes an donneschdes steet Iech ab elo an der regionaler Aktivitéitszon zu Housen ee Foodtruck zur Verfügung!

LU De Kantonalsyndikat SICLER deelt mat, dass Iech ab elo an der regionaler Aktivitéitszon (Z.A.E.R.) Op der Héi zu Housen all Woch dënschdes an donneschdes op enger eegens dofir ageriichter Plaz ee Foodtruck erwaart. Mir wënsche gudden Appetit!

__________

FR Le syndicat intercommunal du canton de Clervaux (SICLER) vous informe qu’un food truck vous attend désormais tous les mardis et jeudis dans la zone d’activité régionale (Z.A.E.R.) Op der Héi à Hosingen, sur un emplacement spécialement aménagé à cet effet. Bon appétit !

__________

DE Das Kantonalsyndikat SICLER teilt mit, dass Ihnen ab sofort in der regionalen Gewerbezone (Z.A.E.R.) Op der Héi in Hosingen jede Woche dienstags und donnerstags auf einer eigens dafür eingerichteten Fläche ein Foodtruck erwartet. Wir wünschen guten Appetit!

Gemeng Parc Housen kritt Terrain am Kär vu Konstem geschenkt, fir mam Staat eng Grondschoul fir autistesch Kanner (CTSA) anzeriichten

Gemeng Parc Housen kritt Terrain am Kär vu Konstem geschenkt, fir mam Staat eng Grondschoul fir autistesch Kanner (CTSA) anzeriichten

LU Mat der Signature vum Acte duerch de Gemengerot huet sech d’Gemeng Parc Housen een Donneschdegmoien, de 17. September 2026, iwwer eng ganz besonnesch Schenkung dierfe freeën, am Kader vun där d’Gemeng vun der Madamm Anne Marie Kaiser dräi Parzellen am Duerfkär vu Konstem mat enger Gesamtfläch vu bal 35 Ar geschenkt kritt, fir do an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ee « Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme » (CTSA) anzeriichten.

Et handelt sech dobäi ëm eng Grondschoul fir autistesch Kanner am Alter tëscht 3 an 11 Joer, déi vun der Gemeng virfinanzéiert a spéider vum Staat integral réckfinanzéiert a geréiert gëtt.

D’Gemeng Parc Housen dréckt der Madamm Anne Marie Kaiser hir déif Dankbarkeet aus fir dësen aussergewéinleche Geste vu Generositéit, vun deem vun Autismus betraffe Kanner aus eiser Gemeng an aus dem ganzen Éislek wäerte profitéieren!

__________

FR Avec la signature de l’acte notarié par le conseil communal, la Commune du Parc Hosingen a eu le plaisir, le jeudi matin 17 septembre 2026, d’accepter une donation tout à fait particulière : Mme Anne Marie Kaiser lui a en effet fait une donation de trois parcelles situées au cœur du village de Consthum, d’une superficie totale de près de 35 ares, afin d’y créer, en collaboration avec le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, un « Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme » (CTSA).

Il s’agit d’une école fondamentale destinée aux enfants autistes âgés de 3 à 11 ans, qui sera préfinancée par la commune puis intégralement remboursée et gérée par l’État.

La Commune du Parc Hosingen exprime sa profonde gratitude à Mme Anne Marie Kaiser pour ce geste exceptionnel d’altruisme, dont bénéficieront les enfants autistes de notre commune et de tout l’Oesling !

__________

DE Mit der Unterzeichnung des notariellen Akts durch den Gemeinderat durfte sich die Gemeinde Parc Hosingen am Donnerstagmorgen, dem 17. September 2026, über eine ganz besondere Schenkung freuen, im Rahmen derer die Gemeinde von Frau Anne Marie Kaiser drei Parzellen im Ortskern von Consthum mit einer Gesamtfläche von fast 35 Ar geschenkt bekommt, um dort in Zusammenarbeit mit dem Ministerium für Bildung, Kinder und Jugend ein « Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme » (CTSA) einzurichten.

Es handelt sich dabei um eine Grundschule für autistische Kinder im Alter zwischen 3 und 11 Jahren, die von der Gemeinde vorfinanziert und später vom Staat integral rückerstattet und verwaltet wird.

Die Gemeinde Parc Hosingen drückt Frau Anne Marie Kaiser ihre tiefe Dankbarkeit für diese außergewöhnliche Geste der Selbstlosigkeit aus, von welcher von Autismus betroffene Kinder aus unserer Gemeinde und dem gesamten Ösling profitieren werden!

International Übung fir Brandmëttelhënn vun der Police am Gemengenatelier zu Housen duerchgefouert

International Übung fir Brandmëttelhënn vun der Police am Gemengenatelier zu Housen duerchgefouert

LU Am Gemengenatelier zu Housen waren ee Mëttwoch, de 16. September 2026, ronn 25 Brandmëttelhënn vun der Police mat hiren Hondsmeeschteren aus Lëtzebuerg, Däitschland, der Schwäiz a Slowenien bei enger internnationaler Übung am Asatz. D’Gemeng Parc Housen seet dem Groupe Canin vun der Police Grand-Ducale ee grousse Merci fir déi exzellent Zesummenaarbecht a virun allem fir déi flott Erfarung!

__________

FR Mercredi 16 septembre 2026, à l’atelier communal à Hosingen, environ 25 chiens de détection d’explosifs de la police, accompagnés de leurs maîtres-chiens venus du Luxembourg, d’Allemagne, de Suisse et de Slovénie, ont participé à un exercice international. La Commune du Parc Hosingen remercie très chaleureusement le Groupe Canin de la Police Grand-Ducale luxembourgeoise pour son excellente collaboration et surtout pour cette formidable expérience !

__________

DE Im Gemeindeatelier in Hosingen waren am Mittwoch, dem 16. September 2026, rund 25 Brandmittelspürhunde der Polizei mit ihren Hundemeistern aus Luxemburg, Deutschland, der Schweiz und Slowenien bei einer internationalen Übung im Einsatz. Die Gemeinde Parc Hosingen dankt dem Groupe Canin der Luxemburger Polizei sehr herzlich für die hervorragende Zusammenarbeit und vor allem für diese tolle Erfahrung!

Rentrée 2026/2027: SISPOLO gëtt an engem Video een Iwwerbléck iwwer de Bau vun den neie Schoulgebaier am Parc Housen

Rentrée 2026/2027: SISPOLO gëtt an engem Video een Iwwerbléck iwwer de Bau vun den neie Schoulgebaier am Parc Housen

LU Pünktlech fir d’Schoulrentrée ginn et Neiegkeete vum Chantier um interkommunale Site vun de Gemenge Parc Housen a Pëtschent. D’Erweiderungsaarbechte goufen och iwwer d’Summerméint reegelméisseg dokumentéiert. Am Videoreportage vum SISPOLO kritt Dir en Abléck an de Fortschrëtt vum Chantier.

Klickt op de Video a maacht Iech selwer e Bild!

__________

FR À l’occasion de la rentrée scolaire, découvrez les dernières avancées du chantier sur le site intercommunal des communes de Parc Hosingen et de Putscheid. Les travaux d’extension ont également fait l’objet d’un suivi régulier en images durant les mois d’été. Le vidéoreportage du SISPOLO vous permet d’en découvrir la progression.

Cliquez sur la vidéo pour découvrir l’avancement des travaux !

__________

DE Pünktlich zum Schulbeginn gibt es Neuigkeiten von der Baustelle auf dem interkommunalen Schulcampus der Gemeinden Parc Hosingen und Pütscheid. Die Ausbauarbeiten wurden auch in den Sommermonaten regelmmäßig dokumentiert. In der Videoreportage des SISPOLO erhalten Sie einen Überblick über den Fortschritt der Baustelle.

Klicken Sie auf das Video und überzeugen Sie sich selbst!

Ab Hierscht: Optakt vun de Securisatiounsaarbechten un der N7 um Deelstéck Houschent-Houschter Déckt

Ab Hierscht: Optakt vun de Securisatiounsaarbechten un der N7 um Deelstéck Houschent-Houschter Déckt

LU Zanter e puer Deeg kënnegt ee grousse Panneau am Ausgank vun der Houschter Déckt a Richtung Houschent den Optakt vun de Securisatiounsaarbechten un der N7 tëscht dem Fridhaff an der Wämperhaart un. Och um Deelstéck tëscht Houschent an der Houschter Déckt wäert da viraussiichtlech ab Oktober mat der Verbreederung vun der Strooss an der uschléissender Installatioun vun enger mëttelser Leitplank ugefaange ginn, déi als Sécherheetsbarrière verhënnere soll, dass Gefierer bei engem Accident op d’Géigespur geroden.

Am Kader vun de Sécherungsaarbechte gëtt am Agank vun der Houschter Déckt aus Richtung Houschent awer och ee Rond-Point gebaut a laanscht d’N7 wäert op Héicht vum Centre 2000 och eng Schallschutzwand opgeriicht ginn.

Laut Ponts et chaussées soll wäerend der Chantiersphase ëmmer eng Spuer an all Richtung befuerbar bleiwen, fir den Impakt op den Trafic sou wäit wéi méiglech ze begrenzen.

__________

FR Depuis quelques jours, un grand panneau situé à la sortie de Hoscheid-Dickt, en direction de Hoscheid, annonce le début des travaux de sécurisation sur la N7, entre Fridhaff et Wemperhardt. Sur le tronçon entre Hoscheid et Hoscheid-Dickt également, l’élargissement de la route et l’installation consécutive d’une glissière centrale devraient débuter à partir du mois d’octobre. Cette glissière servira de barrière de sécurité pour empêcher les véhicules de se retrouver sur la voie opposée en cas d’accident.

Dans le cadre de ces travaux de sécurisation, un rond-point sera également construit à l’entrée de Hoscheid-Dickt en provenance de Hoscheid, et un mur antibruit sera érigé le long de la N7 à hauteur du Centre 2000.

Selon l’Administration des ponts et chaussées, une voie dans chaque sens restera ouverte en permanence pendant la durée du chantier afin de limiter autant que possible l’impact sur la circulation.

__________

DE Seit einigen Tagen kündigt eine große Tafel am Ortsausgang von Hoscheid-Dickt in Richtung Hoscheid den Auftakt der Sicherungsarbeiten auf der N7 zwischen dem Fridhaff und der Wemperhardt an. Auch auf dem Teilstück zwischen Hoscheid und Hoscheid-Dickt wird dann voraussichtlich ab Oktober mit der Verbreiterung der Straße und der anschließenden Installation einer Mittelleitplanke begonnen, welche als Sicherheitsbarriere verhindern soll, dass Fahrzeuge bei Unfällen auf die Gegenspur geraten.

Im Rahmen der Sicherungsarbeiten wird am Ortseingang von Hoscheid-Dickt aus Richtung Hoscheid zudem ein Kreisverkehr gebaut und entlang der N7 auf Höhe des Centre 2000 auch eine Schallschutzwand errichtet.

Laut der Straßenbauverwaltung soll während der Baustellenphase stets eine Fahrspur in jede Richtung geöffnet bleiben, damit der Impakt auf den Verkehr so weit wie möglich zu begrenzen.

Ab der Rentrée de 15. September: Zwee nei Busarreten zu Housen fir de Schülertransport vum SISPOLO an de Parc Housen

Ab der Rentrée de 15. September: Zwee nei Busarreten zu Housen fir de Schülertransport vum SISPOLO an de Parc Housen

LU Pénktlech zur Rentrée, de 15. September 2026, ginn zu Housen am Kräizungsberäich vun de Stroossen « Cité Thiergart » an « An der Méilchen » respektiv an der Strooss « Weescheed » op Héicht vun der Spillplaz « An der Iecht » zwéin nei Busarrete fir de Schülertransport vum SISPOLO an de Parc Housen a Betrib geholl.

All Awunner vun de Stroossen « Weescheed » an « Holzbicht » sinn heimat nach eemol ausdrécklech opgefuerdert, net op den Trottoiren oder um Stroosserand ze parken, sou dass d’Schoulbusser, awer och de Wanterdéngscht ëmmer ouni Problemer passéiere kënnen!

__________

FR Pour la rentrée scolaire, le 15 septembre 2026, deux nouveaux arrêts de bus scholaires seront mis en service à Hosingen pour le transport des élèves du SISPOLO vers le Parc Hosingen : l’un se trouve au croisement des rues « Cité Thiergart » et « An der Méilchen », l’autre dans la rue « Weescheed » à hauteur de l’accès à l’aire de jeux « An der Iecht ».

A cet égard, tous les riverains des rues « Weescheed » et « Holzbicht » sont une nouvelle fois instamment priés de ne pas se garer sur les trottoirs ni au bord des rues, afin que les bus scolaires, mais aussi les services de déneigement, puissent circuler sans encombre à tout moment !

__________

DE Zum Schulbeginn am 15. September 2026 werden in Hosingen im Kreuzungsbereich der Straßen « Cité Thiergart » und « An der Méilchen » bzw. in der Straße « Weescheed » auf Höhe des Spielplatzes « An der Iecht » zwei neue Bushaltestellen für den Schülertransport in den Parc Hosingen in Betrieb genommen.

Alle Anwohner der Straßen « Weescheed » und « Holzbicht » seien hiermit nochmals nachdrücklich aufgefordert, nicht auf den Bürgersteigen oder an den Straßenrändern zu parken, sodass die Schulbusse, aber auch der Winterdienst stets problemlos passieren können! 

De Bicherbus an eiser Regioun: Datumer fir den Zäitraum vum September 2026 bis de Februar 2027

De Bicherbus an eiser Regioun: Datumer fir den Zäitraum vum September 2026 bis de Februar 2027

LU Och am Hierscht an am Wanter kënnt de Bicherbus vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik erëm an d’Dierfer an eiser Regioun. All Datumer an Auerzäiten fir d’Méint vu September bis Februar fannt Dir hei an der Lëscht hei dernieft.

__________

FR En automne et en hiver également, le « Bicherbus » de la Bibliothèque nationale du Luxembourg fait à nouveau étape dans les villages de notre région. Vous trouverez toutes les dates et tous les horaires pour les mois de septembre à février dans la liste ci-contre.

__________

DE Auch im Herbst und im Winter fährt der Bicherbus der Luxemburger Nationalbibliothek wieder in den Dörfern unserer Region vor. Alle Daten und Uhrzeiten für die Monate von September bis Februar finden Sie in der nebenstehenden Liste.

5. Editioun vum GoGo Vëlo: Mam Vëlo duerch d’Naturparken vum 7. September bis 18. Oktober 2026

5. Editioun vum GoGo Vëlo: Mam Vëlo duerch d’Naturparken vum 7. September bis 18. Oktober 2026

LU Vum 7. September bis den 18. Oktober 2026 ass déi 5. Editioun vun der GoGo Vëlo National Challenge. Ob fir op d’Aarbecht, an d’Schoul oder an der Fräizäit: All Kilometer um Vëlo zielt!

D’Missioun fir eis Regioun: 10x ronderëm d’Naturparke vu Lëtzebuerg = 3.280 km.

Maacht mat:

  • Radbonus II App eroflueden
  • Zougangscode GOGOVELO aginn
  • D’Welt « Parc Naturel de l’Our » auswielen
  • Kilometer sammelen a flott Präisser gewannen!

Motivéiert och Är Frënn a Famill a gitt Deel vum dëser nationaler Vëloschallenge.

All weider Infoen op www.gogovelo.lu

__________

FR Du 7 septembre au 18 octobre 2026 se tiendra la 5e édition du GoGo Vëlo National Challenge. Que ce soit pour aller au travail, à l’école ou pendant vos loisirs : chaque kilomètre parcouru à vélo compte !

L’objectif pour notre région : faire 10x le tour des parcs naturels du Luxembourg = 3 280 km.

Participez :

  • Téléchargez l’application Radbonus II
    Saisissez le code d’accès GOGVELO
    Sélectionnez le « Parc naturel de l’Our »
    Accumulez des kilomètres et gagnez de superbes prix !

Encouragez également vos amis et les membres de votre famille à participer à ce défi cycliste national.

Toutes les infos sur www.gogovelo.lu

__________

DE Vom 7. September bis zum 18. Oktober 2026 findet die 5. Auflage der GoGo Vëlo National Challenge statt. Ob zur Arbeit, zur Schule oder in der Freizeit: Jeder Kilometer im Fahrradsattel zählt!

Die Mission für unsere Region: 10x rund um die Naturparke Luxemburgs = 3.280 km.

Macht mit:

  • Radbonus II App runterladen
  • Zugangscode GOGVELO eingeben
  • Die Welt « Naturpark Our » auswählen
  • Kilometer sammeln und tolle Preise gewinnen!

Ermutigt auch eure Freunde und Familienmitglieder und werdet Teil dieser nationalen Fahrrad-Challenge.

Alle weiteren Infos unter www.gogovelo.lu

 

 

Assises Pacte Climat: Virtrag vum Prof. Dr. Christian Stöcker zur Energiewend den 1. Oktober 2026 am Parc Housen

Assises Pacte Climat: Virtrag vum Prof. Dr. Christian Stöcker zur Energiewend den 1. Oktober 2026 am Parc Housen

LU Am Kader vun den Assises Pacte Climat 2026 invitéiert den Naturpark Our an Zesummenaarbecht mam Syvicol donneschdes, den 1. Oktober 2026, um 19 Auer am Centre écologique am Parc Housen op ee Virtrag vum Psycholog, Journalist, Auteur a Professer fir Digital Kommunikatioun, Prof. Dr. Christian Stöcker. Dee laangjäerege SPIEGEL-Kolumnist, dee sech intensiv mat de groussen Transformatiounsprozesser vun eiser Zäit beschäftegt, hëllt Iech mat op eng Rees ronderëm d’Energiewend a weist, mat wéi engem beandrockenden Tempo den Ëmbau hin zu den erneierbaren Energien haut scho virugeet a wat fir eng Erausfuerderungen nach virun eis leien.

Well d’Zuel vun de Participante limitéiert ass, biede mir Iech, Iech iwwer de QR-Code um Flyer unzemellen. D’Veranstaltung riicht sech un all interesséiert Leit, ouni dass Basiskenntnisser erfuerdert sinn!

__________

FR Dans le cadre des Assises Pacte Climat 2026, le Parc Naturel de l’Our, en collaboration avec le Syvicol, vous invite le jeudi 1er octobre 2026 à 19 heures au Centre écologique du Parc Hosingen à une conférence animée par le professeur Christian Stöcker, psychologue, journaliste, auteur et professeur de communication numérique. Ce chroniqueur de longue date du magazine SPIEGEL, qui s’intéresse de près aux grands processus de transformation de notre époque, vous emmènera en voyage à la transition énergétique et vous montrera à quelle vitesse impressionnante la transition vers les énergies renouvelables s’opère déjà aujourd’hui, ainsi que les défis qui nous attendent encore.

Le nombre de participants étant limité, nous vous prions de vous inscrire via le code QR figurant sur l’affiche. Cet événement s’adresse à toutes les personnes intéressées, aucune connaissance de base n’est requise !

__________

DE Im Rahmen der Assises Pacte Climat 2026 lädt der Naturpark Our in Zusammenarbeit mit dem Syvicol am Donnerstag, dem 1. Oktober 2026, um 19 Uhr im Centre écologique im Parc Hosingen zu einem Vortrag des Psychologen, Journnalisten, Autors und Professors für Digitale Kommunikation, Prof. Dr. Christian Stöcker ein. Der langjährige  SPIEGEL-Kolumnist, der sich intensiv mit den großen Transformationsprozessen unserer Zeit beschäftigt, entführt Sie auf eine Reise rund um die Energiewende und zeigt auf, mit welch beeindruckender Geschwindigkeit sich der Umbau hin zu den erneuerbaren Energien heute bereits vollzieht und welche Herausforderungen noch vor uns liegen.

Da die Anzahl der Teilnehmer begrenzt ist, bitten wir Sie, sich über den QR-Code auf dem Flyer anzumelden. Die Veranstaltung richtet sich an alle interessierten Menschen, ohne dass Basiskenntnisse erforderlich sind!

Déi neist Editioun vum « Houser Sender » ass do!

Déi neist Editioun vum « Houser Sender » ass do!

LU Déi neist Editioun vum Gemengebulletin “Den Houser Sender” ass do! Am neie Sender fannt Dir nieft de Rapporte vun de Gemengerotssitzungen an dem Bléck iwwer d’Chantieren an der Gemeng ë.a. och Billerreportage vun der Aweiung vum Memorial Parc Housen, vun de Feierlechkeete fir Nationalfeierdag a vu villen anere Veranstaltungen an der Gemeng.  Dës Weideren fannt Dir och de Formulaire fir d’Schüler- a Sportlerprimme respektiv fir d’Primme fir d’Planze an d’Fleeg vun Hecken oder vun Uebst- a Lafbeem. Vill Freed beim Liesen!
__________
FR La nouvelle édition du bulletin communal « Den Houser Sender » est désormais disponible ! Dans ce nouveau numéro du « Sender », vous trouverez, outre les comptes-rendus des séances du conseil communal et un aperçu des chantiers en cours dans la commune, entre autres, des reportages photos sur l’inauguration du Memorial Prac Housen, sur les festivités de la Fête nationale et sur de nombreux autres événements organisés dans la commune. Vous y trouverez également le formulaire de demande pour les primes destinées aux élèves et aux étudiants méritants, ainsi que pour les primes liées à la plantation et à l’entretien de haies ou d’arbres fruitiers et à feuilles caduques. Bonne lecture !
__________
DE Die neueste Ausgabe des Gemeindeblatts “Den Houser Sender” ist da! Im neuen “Sender” finden Sie neben den Berichten der Gemeinderatssitzungen und einem Blick über die Baustellen in der Gemeinde u.a. auch Fotoreportagen von der Einweihung des Memorial Prac Housen, von den Feiern zum Nationalfeiertag und von vielen weiteren Veranstaltungen in der Gemeinde. Des Weiteren finden Sie auch das Antragsformular für die Schüler- und Studentenprämien sowie für die Prämien für die Pflanzung und Pflege von Hecken oder von Obst- und Laubbäumen. Viel Freude beim Lesen!
Kulturminister Eric Thill huet sech een Androck vum Memorial Parc Housen an de Glasplaquette mat den alen Hausnimm verschaf

Kulturminister Eric Thill huet sech een Androck vum Memorial Parc Housen an de Glasplaquette mat den alen Hausnimm verschaf

LU Am Kader vun enger Visitt am Éislek huet sech den Eric Thill, Minister fir Kultur an delegéierte Minister fir den Tourismus, een Dënschdeg, de 25. August 2026, een Androck vum Memorial Parc Housen mat senger Expo zur lokaler Krichsgeschicht am Houser Waassertuerm a vun de Glasplaquette mat de fréieren Hausnimm an den Dierfer vun der Gemeng Parc Housen verschaf.

Den 8. Mee huet d’Gemeng mam Memorial Parc een neie Gedenksite ageweit, deen an de kommende Joeren nach erweidert soll ginn, dëst virun allem dank dem Transfer an der Transformatioun vun enger fréierer Noutbarack, an där an Zesummenaarbecht mam Musée National d’Histoire Militaire vun Dikrech een Dokumentatiounszentrum zur Geschicht vun der Rekonstruktioun vum Land nom Krich soll ageriicht ginn.

Zu Konstem an zu Wuelëssen huet sech de Minister duerno awer och eng Rei vu Glasplaquette mat den alen Hausnimm ugekuckt, déi d’Geschichtskommissioun vun der Gemeng Parc Housen zesumme mat villen aalagesiessene Bierger aus hiren Dierfer gesammelt huet.

D’Gemeng Parc Housen seet dem Minister Eric Thill a senge Beamten ee grousse Merci fir hir Visitt an och fir déi finanziell Ënnerstëtzung vun de kulturellen an touristesche Projeten an der Gemeng. Ee grousse Merci gëllt awer och dem Pol Faber an dem Nico Schmit vu Konstem an dem Armand Serres vu Wuelëssen, déi eis spontan bei sech empfaang hunn, fir eis méi iwwer hir Haiser an hir al Hausnimm ze erzielen.

__________

FR Dans le cadre d’une visite dans l’Oesling, le ministre de la Culture et ministre délégué au Tourisme, Eric Thill, s’est rendu mardi 25 août 2026 au Memorial Parc Housen pour découvrir son exposition consacrée à l’histoire locale de la guerre, présentée dans le château d’eau de Hosingen, ainsi que les plaquettes en verre indiquant les anciens noms de maisons dans les villages de la Commune du Parc Hosingen.

Le 8 mai, la commune avait inauguré le Memorial Parc, un nouveau lieu de mémoire qui devrait encore s’agrandir dans les années à venir, notamment grâce au transfert et à la transformation d’une ancienne baraque de fortune, dans laquelle un centre de documentation sur l’histoire de la reconstruction du pays après la Seconde Guerre mondiale doit être aménagé en collaboration avec le Musée National d’Histoire Militaire de Diekirch.

À Consthum et à Wahlhausen, le ministre a ensuite pu découvrir plusieurs plaquettes en verre portant les anciens noms de maisons, que la commission d’histoire de la Commune du Parc Hosingen avait rassemblés avec l’aide de nombreux habitants de longue date de ses villages.

La Commune du Parc Hosingen remercie très chaleureusement le ministre Eric Thill et ses collaborateurs pour leur visite et pour le soutien financier apporté aux projets culturels et touristiques de la commune. Un grand merci également à Pol Faber et Nico Schmit de Consthum ainsi qu’à Armand Serres de Wahlhausen, qui nous ont spontanément accueillis chez eux pour nous en dire plus sur leurs maisons et leurs noms.

__________

DE Im Rahmen eines Besuchs im Ösling hat sich der Minister für Kultur und beigeordneter Minister für Tourismus, Eric Thill, am Dienstag, dem 25. August 2026, einen Eindruck des Memorial Parc Housen mit seiner Ausstellung zur lokalen Kriegsgeschichte im Hosinger Wasserturm sowie von den Glastafeln mit den früheren Hausnamen in den Dörfern der Gemeinde Parc Hosingen verschafft.

Am 8. Mai hatte die Gemeinde mit dem Memorial Parc eine neue Gedenkstätte eingeweiht, die in den kommenden Jahren noch erweitert werden soll, dies insbesondere dank des Transfers und des Umbaus einer früheren Notbaracke, in welcher in Zusammenarbeit mit dem Nationalmuseum für Militärgeschichte aus Diekirch ein Dokumentationszentrum zur Geschichte des Wiederaufbaus des Landes nach dem Zweiten Weltkrieg eingerichtet werden soll.

In Consthum und in Wahlhausen sah sich der Minister im Anschluss aber auch mehrere Glastafeln mit den früheren Hausnamen an, welche die Geschichtskommission der Gemeinde Parc Hosingen zusammen mit vielen alteingesessenen Bürgern aus ihren Dörfern zusammengetragen hatte.

Die Gemeinde Parc Hosingen bedankt sich bei Minister Eric Thill und seinen Mitarbeitern sehr herzlich für den Besuch und für die finanzielle Unterstützung der kulturellen und touristischen Projekte in der Gemeinde. Ein großes Dankeschön gilt aber auch Pol Faber und Nico Schmit aus Consthum sowie Armand Serres aus Wahlhausen, die uns spontan bei sich empfangen hatten, um uns mehr über ihre Häuser und deren Namen zu erzählen.

Aktioun ReUse: Gitt elo nach bis den 30. September 2026 Är al Schoulsaachen an de Sidec-Ressourcenzentren of!

Aktioun ReUse: Gitt elo nach bis den 30. September 2026 Är al Schoulsaachen an de Sidec-Ressourcenzentren of!

LU Aktioun ReUse: Nach bis den 30. September 2026 kënnt Dir al Schoulsaachen, déi Dir net méi selwer braucht, an alle Ressourcenzentre vum Sidec ofginn, fir hinnen esou een zweet Liewen ze ginn.
Neiverwäertung ass Nohaltegkeet!
www.sidec.lu

FR Opération ReUse : Jusqu’au 30 septembre 2026, vous pouvez déposer vos anciennes affaires scolaires dont vous n’avez plus besoin dans tous les centres de ressources du Sidec afin de leur offrir une seconde vie.
Le recyclage, c’est la durabilité !
www.sidec.lu

DE Aktion ReUse: Noch bis zum 30. September 2026 können Sie alte Schulsachen, die Sie nicht mehr selbst brauchen, in allen Ressourcenzentren des Sidec abgeben, um diesen so ein zweites leben zu geben.
Wiederverwertung heißt Nachhaltigkeit!
www.sidec.lu

LU-Alert: Luet Iech elo déi nei national Warn-App erof!

LU-Alert: Luet Iech elo déi nei national Warn-App erof!

LU LU-Alert ass e nationale System fir ëffentlech Alerten a Informatiounen und d’Bevëlkerung.

D’App mam selwechten Numm erlaabt et Iech, all Alerten a Informatiounen, déi vun de staatlechen Autoritéiten iwwert de System erausgi ginn, am A ze behalen. Luet d’App gratis aus dem Apple App Store oder dem Google Play Store erof.

Op lu-alert.lu fannt Dir och all d’Informatiounen iwwer den Alarmsystem, déi verschidde Kanäl an d’Kategorien. Zousätzlech enthält d’Websäit aktuell Alarmnoriichten an entspriechend Rotschléi, wéi een ofhängeg vum Tëschefall soll reagéieren.

__________

FR LU-Alert est un système national d’alerte et d’information de la population.

L’application du même nom vous permet de suivre toutes les alertes et informations diffusées par les autorités publiques par le système d’alerte et d’information. Téléchargez gratuitement l’application sur l’Apple App Store ou le Google Play Store.

Sur lu-alert.lu, vous trouverez également toutes les informations sur le système d’alerte, les différents canaux et catégories. En outre, on y trouve des messages d’alerte actuels et des recommandations de comportement correspondantes en fonction de l’évènement.

__________

DE LU-Alert ist ein nationales Warn- und Informationssystem für die Bevölkerung.

Mit der gleichnamigen App können Sie alle Warnmeldungen und Informationen verfolgen, die von den Behörden über das Warn- und Informationssystem verbreitet werden. Laden Sie die App kostenlos im Apple App Store oder im Google Play Store herunter.

Auf lu-alert.lu finden Sie außerdem alle Informationen zum Warnsystem, zu den verschiedenen Kanälen und Kategorien. Darüber hinaus finden Sie dort aktuelle Warnmeldungen und entsprechende Verhaltensempfehlungen je nach Ereignis.

Aktioun « Gielt Band »: Uebstplécken an de Gemengebongerten ass och dëst Joer erlaabt, och wann d’Dréchent nët vill Ertrag erwaarde léisst…

Aktioun « Gielt Band »: Uebstplécken an de Gemengebongerten ass och dëst Joer erlaabt, och wann d’Dréchent nët vill Ertrag erwaarde léisst…

LU Och wa vill Beem hir Friichte wéinst der Dréchent scho virzäiteg ofgeworf hunn, esou ass et am Kader vun der Aktioun « Gielt Band » awer och dëst Joer erëm erlaabt, an den ausgewisene Bongerte vun der Gemeng Parc Housen Uebst gratis ze plécken. Haalt Iech dobäi awer w.e.g. un d’Reegele vun der Charta vum « Giele Band »! D’Plaz wou Dir däerft plécken, fannt Dir um Internetsite vun der Gemeng Parc Housen.

www.hosingen.lu/service-ecologique/aktioun-giele-band/

__________

FR Même si de nombreux arbres ont déjà perdu leurs fruits prématurément en raison de la sécheresse, l’action « ruban jaune » autorise cette année encore la cueillette gratuite de fruits dans les vergers désignés de la Commune du Parc Hosingen. Veuillez toutefois respecter les règles de la charte du « ruban jaune » ! Vous trouverez les lieux où vous êtes autorisés à cueillir des fruits sur le site internet de la Commune du Parc Hosingen.

www.hosingen.lu/service-ecologique/aktioun-giele-band/

__________

DE Auch wenn viele Bäume ihre Früchte aufgrund der Trockenheit bereits vorzeitig abgeworfen haben, so ist es im Rahmen der Aktion « Gelbes Band » doch auch in diesem Jahr erlaubt, in den ausgewiesenen Obstgärten der Gemeinde Parc Hosingen  kostenlos Obst zu pflücken. Halten Sie sich aber bitte an die Regeln der Charta des « Gelben Band »! Die Orte, an denen Sie pflücken dürfen, finden Sie auf der Internetseite der Gemeinde Parc Hosingen.

www.hosingen.lu/service-ecologique/aktioun-giele-band/

Freideg, 30. Oktober 2026: Frëndschaftsconcert vun der Lëtzebuerger Militärmusik an dem Gebirgsmusikkorps der Bundeswehr am Parc Housen

Freideg, 30. Oktober 2026: Frëndschaftsconcert vun der Lëtzebuerger Militärmusik an dem Gebirgsmusikkorps der Bundeswehr am Parc Housen

LU Ënnert dem Patronage vun der däitscher Ambassade zu Lëtzebuerg invitéieren d’Gemeng Parc Housen an d’Organisateure vum « Klenge Maarnicher Festival », zesumme mam Sispolo an der Vereenegung « Islek ouni Grenzen », freides, den 30. Oktober 2026, op een aussergewéinleche Concertsowend mat der Lëtzebuerger Militärmusik an dem Gebirgsmusikkorps der Bundeswehr vu Garmisch-Partenkirchen um 20 Auer an der Sportshal vum Parc Housen.

Den Entrée ass fräi; um Enn vum Concert gëtt eng Quête fir de gudden Zweck gemaach. Mellt Iech ab elo un um Tel. 691 913 665 resp. per Mail op reservation@sispolo.lu.

__________

FR Sous le patronage de l’Ambassade d’Allemagne au Luxembourg, la Commune du Parc Hosingen et les organisateurs du « Klenge Maarnicher Festival » vous invitent, en collaboration avec le Sispolo et l’association « Islek ohne Grenzen », à une soirée de concert exceptionnelle avec la Musique Militaire Grand-Ducale et le Corps de musique de montagne de la Bundeswehr de Garmisch-Partenkirchen, le vendredi 30 octobre 2026 à 20 heures, dans le hall sportif du Parc Hosingen.

L’entrée est gratuite ; à la fin du concert, une participation financière sera demandée au profit d’une bonne cause. Inscrivez-vous dès maintenant par tél. 691 913 665 ou par e-mail à l’adresse reservation@sispolo.lu.

__________

DE Unter der Schirmherrschaft der deutschen Botschaft in Luxemburg laden die Gemeinde Parc Hosingen und die Veranstalter des « Klenge Maarnicher Festival », gemeinsam mit dem Sispolo und der Vereinigung « Islek ohne Grenzen », am Freitag, dem 30. Oktober 2026, zu einem außergewöhnlichen Konzertabend mit dem Luxemburger Militärmusikorchester und dem Gebirgsmusikkorps der Bundeswehr aus Garmisch-Partenkirchen um 20 Uhr in der Sporthalle des Parc Hosingen ein.

Der Eintritt ist kostenlos; zum Schluss des Konzerts wird um eine Spende für den guten Zweck gebeten. Melden Sie sich ab sofort an unter Tel. 691 913 665 bzw. per Mail an reservation@sispolo.lu.

Gemeng Parc Housen iwwerreecht Scheck vun 1.120 Euro un de Foyer Éisleker Heem

Gemeng Parc Housen iwwerreecht Scheck vun 1.120 Euro un de Foyer Éisleker Heem

LU Am Kader vun der leschter Gemengerotssitzung virun der Summerpaus huet de Gemengerot Parc Housen een Donneschdeg, de 16. Juli 2026, ee Scheck an Héicht vun 1.120 Euro un de Foyer Éisleker Heem vu Lëlljen iwwerreecht. D’Sue stammen aus enger Quête, déi den Dezember 2025 bei der Seniorefeier zu Housen gemaach gouf a bei där déi eeler Matbierger an engem generéise Geste 560 Euro gesammelt haten. Dës Zomm wor op eestëmmege Beschloss vum Gemengerot dunn nach eemol verduebelt ginn.

__________

FR Dans le cadre de la dernière séance du conseil communal avant la pause estivale, le conseil communal de al Commune du Parc Hosingen a remis, le jeudi 16 juillet 2026, un chèque d’un montant de 1 120 euros au Foyer Éisleker Heem de Lullingen. Cette somme provient d’une quête organisée en décembre 2025 à l’occasion de la fête des seniors à Hosingen, au cours de laquelle les seniors avaient, dans un geste généreux, récolté 560 euros. Ce montant avait ensuite été doublé suite à une décision unanime du conseil communal.

__________

DE Im Rahmen der letzten Gemeinderatssitzung vor der Sommerpause hat der Gemeinderat Parc Hosingen am Donnerstag, dem 16. Juli 2026, einen Scheck in Höhe von 1.120 Euro an das Foyer Éisleker Heem in Lullingen zu überreichen. Das Geld stannt aus einer Spendensammlung, welche im Dezember 2025 anlässlich der Seniorenfeier in Hosingen durchgeführt worden war und bei welcher die älteren Mitbürger in einer generösen Geste 560 Euro zuammengetragen hatten. Diese Sunme war in der Folge auf einstimmigen Beschluss des Gemeinderats hin dann noch einmal verdoppelt worden.

Agenda vum Jugendtreff Norden vu Juli bis September 2026!

Agenda vum Jugendtreff Norden vu Juli bis September 2026!

LU Entdeckt am Agenda vum Jugendtreff Norden elo déi vill Aktivitéiten vum Jugendtreff an de Méint vu Juli bis September!

__________

FR Découvrez dès maintenant dans l’agenda de la maison des jeunes « Jugendtreff Norden » les nombreuses activités proposées par la maison des jeunes de juillet à septembre !

__________

DE Entdecken Sie im Agenda des Jugendtreff Norden jetzt die vielfältigen Aktivitäten des Jugendtreff in den Monaten Juli bis September!

Gréngschnëtt- a Schrottdepot: Haalt Iech w.e.g. un d’Ofliwwerungsvirschrëften

Gréngschnëtt- a Schrottdepot: Haalt Iech w.e.g. un d’Ofliwwerungsvirschrëften

LU D’Gemeng Parc Housen rappeléiert alle Bierger, sëch w.e.g. un d’Virgabe fir d’Ofliwwere vu Gras- an Heckeschnëtt resp. vun Eiseschrott um Depot beim Gemengenatelier ze halen. An de Grasschnëttdepot gehéiert just Gras; an den Heckeschnëttdepot just Hecken (keng Wuerzele mat Buedem resp. Onkraut, déi an der Biogasanlag net verschafft kënne ginn!). An de Schrottdepot kënnt just alt Eisen (keen Elektroschrott oder anerer Saachen!). D’Gemeng erënnert an engems drun, dass de Site videoiwwerwaacht ass an d’Police avertéiert gëtt, wa Leit sech net un d’Consignen halen.

__________

FR La Commune du Parc Hosingen tient à rappeler à tous les citoyens que les règles pour la décharge de matières au dépôt près de l’atelier communal sont à respecter. Ne sont acceptés au dépôt de gazon que de l’herbe et au dépôt de haie que des déchets issus de la taille de haies (pas de racines avec de la terre ou de la mauvaise herbe qui ne peuvent pas être traitées dans l’installation de biogaz!). Au dépôt de la ferraille ne sont acceptés que des vieux fers et métaux (pas d’appareils électriques ou de choses pareilles!). Veuillez également noter que le site est surveillé par caméra et que la police est avertie s’il faut constater un non-respect des consignes.

__________

DE Die Gemeinde Parc Hosingen erinnert daran, dass die Vorgaben zur Ablieferung von Grünschnitt und Eisenschrott im Depot beim Gemeindeatelier bitte zu beachten sind. Im Grasschnittdepot sind lediglich Grasabfälle, im Heckenschnittdepoot lediglich Abfälle von Heckeschnitt abzuliefern (kein Wurzelwerk mit Erde oder Unkraut, die nicht in der Biogasanlage verarbeitbar sind!). Im Schrottdepot wird nur Alteisen akzeptiert (keine Elektrogeräte oder Ähnliches!). Es sei ebenfalls darauf hingewiesen, dass der Standort videoüberwacht wird und der Polizei Meldung erstattet wird, wenn sich Bürger nicht an die Regeln halten.

Aller au contenu principal