Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet am Oktober zu Housen

Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet am Oktober zu Housen

LU Samschdes, den 12. an de 19. Oktober 2024, invitéiert d’Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen vun der Gemeng Parc Housen mat der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale op een zweedeelegen Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet am Centre culturel zu Housen. Umellunge gi bis de 6. September 2024 op secretariat@hosingen.lu resp. um Tel. 92 13 41-1 ugeholl.

__________

FR Les samedis 12 et 19 octobre 2024, la Commission du vivre-ensemble interculturel de la Commune du Parc Hosingen invitera, en collaboration avec la Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale, à un cours de premiers secours en santé mentale en deux parties au Centre culturel à Hosingen. Les inscriptions sont acceptées jusqu’au 6 septembre 2024 par mail à l’adresse secretariat@hosingen.lu ou par tél. au 92 13 41-1.

__________

DE Samstags, den 12. und 19. Oktober 2024, lädt die Kommission für das interkulturelle Zusammenleben der Gemeinde Parc Hosingen gemeinsam mit der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale zu einem zweiteiligen Erste-Hilfe-Kursus für psychische Gesundheit im Kulturzentrum in Hosingen ein. Anmeldungen werden bis zum 6. September 2024 per Mail an secretariat@hosingen.lu bzw. per Tel. 92 13 41-1 entgegengenommen.

Endlech Summer! Entdeckt elo all eis Spillplazen an der Gemeng Parc Housen

Endlech Summer! Entdeckt elo all eis Spillplazen an der Gemeng Parc Housen

LU Nach een Dag Schoul bis d’Grouss Vakanz! Wëllt Dir de Summer mat Äre Kanner vun Zäit zu Zäit op enger flotter Begéignungsplaz do baussen genéissen, dann entdeckt elo um Internetsite vun der Gemeng all d’Spillplaze vun der Gemeng Parc Housen am Fotoiwwerbléck. Vill Freed beim Spillen an eng schéi Vakanz!

__________

FR Plus qu’un jour d’école avant les grandes vacances ! Si vous souhaitez profiter de l’été avec vos enfants de temps en temps dans un lieu de rencontre agréable en plein air, découvrez dès maintenant sur le site de la commune toutes les aires de jeux de la Commune de Parc Hosingen en un aperçu photo. Nous vous souhaitons beaucoup de plaisir à jouer et de bonnes vacances !
__________

DE Noch ein Schultag bis zu den großen Ferien! Wollen Sie den Sommer mit Ihren Kindern von Zeit zu Zeit an einem angenehmen Begegnungsort im Freien genießen, dann entdecken Sie jetzt auf der Homepage der Gemeinde alle Spielplätze in der Gemeinde Parc Hosingen im Fotoüberblick. Viel Freude beim Spielen und schöne Ferien!

Nächst Gemengerotsitzung, den 18. Juli 2024

Nächst Gemengerotsitzung, den 18. Juli 2024

LU Een Donneschdeg, den 18. Juli 2024, ass um 8.30 Auer op der Gemeng zu Housen (11, Op der Héi) eng Sitzung vum Gemengerot Parc Housen.

__________

FR Le jeudi 18 juillet 2024, à 8.30 heures, aura lieu à la mairie de Hosingen (11, Op der Héi) une séance du conseil communal du Parc Hosingen.

__________

DE Am Donnerstag, den 18. Juli 2024, findet um 8.30 Uhr im Rathaus in Hosingen (11, Op der Héi) eine Sitzung des Gemeinderats Parc Hosingen statt. 

__________

16. – 22. Juli: Ännerungen um RGTR-Busnetz wéinst Chantier op der N7 an Housen

16. – 22. Juli: Ännerungen um RGTR-Busnetz wéinst Chantier op der N7 an Housen

LU Wéinst de Stroossenaarbechten op der N7 an der Traversée an Housen kënnt et tëscht dem 16. an 22. Juli 2024 zu verschiddenen Upassungen am ëffentlechen RGTR-Busnetz:

Vum 16. bis de 19. Juli fiert d’Linn 152 (Maarnech-Housen) aus Richtung Norden kommend vum Arrêt Rouderssen-Um Weier direkt iwwer den CR 342 op d’N7 hannert Housen. D’Arrêten Kierch a Millewee zu Rouderssen, de Kounenhaff an Uewereesbech gi net ugefuer.

– D’Linnen 170 (Ettelbréck-Huldang), 174 (Housen-Ëlwen) an 182 (Veianen-Clierf) ginn aus Richtung Süden kommend iwwer Eesbech, Rouderssen an den CR 342 op d’N7 hannert Housen geleet. D’Arrêten Housen-Eesberwee, Housen-Ewescht Duerf an Housen-Bayrischt ginn net ugefuer.

Vum 19. (22 Auer) bis den 22. Juli (4 Auer) fiert d’Linn 152 (Maarnech-Housen) aus Richtung Norden kommend vum Arrêt Rouderssen-Um Weier direkt iwwer den CR 342 op d’N7 hannert Housen. D’Arrêten Kierch a Millewee zu Rouderssen, de Kounenhaff an Uewereesbech gi net ugefuer.

__________

FR En raison des travaux routiers sur la N7 dans la traversée de Hosingen, diverses adaptations du service public de bus RGTR auront lieu entre le 16 et le 22 juillet 2024 :

Du 16 au 19 juillet, la ligne 152 (Marnach-Hosingen) en provenance du nord rejoint à partir de l’arrêt Rodershausen-Um Weier directement la N7 derrière Hosingen via le CR 342. Les arrêts Kierch a Millewee à Rodershausen, le Kohnenhof ainsi que Obereisenbach ne seront pas desservis.

– Les lignes 170 (Ettelbruck-Huldange), 174 (Hosingen-Troisvierges) et 182 (Vianden-Clervaux) en provenance du sud sont dirigées vers la N7 derrière Hosingen via Eisenbach, Rodershausen et le CR 342. Les arrêts Hosingen-Eesberwee, Hosingen-Ewescht Duerf et Hosingen-Bayrischt ne seront pas desservis.

Du 19 (22h) au 22 juillet (4h), la ligne 152 (Marnach-Hosingen) en provenance du nord rejoint à partir de l’arrêt Rodershausen-Um Weier la N7 derrière Hosingen via le CR 342. Les arrêts Kierch a Millewee à Rodershausen, le Kohnenhof ainsi que Obereisenbach ne sont pas desservis.

__________

DE Wegen der Straßenerneuerungsarbeiten auf der N7 in der Ortsdurchfahrt von Hosingen kommt es zwischen dem 16. und 22. Juli 2024 zu verschiedenen Anpassungen im öffentlichen RGTR-Busverkehr:

Vom 16. bis 19. Juli fährt die Linie 152 (Marnach-Hosingen) aus Richtung Norden kommend ab der Haltestelle Rodershausen-Um Weier direkt über den CR 342 zur N7 hinter Hosingen. Die Haltestellen Kierch a Millewee in Rodershausen, der Kohnenhof sowie Obereisenbach werden nicht angesteuert.

– Die Linien 170 (Ettelbrück-Huldingen), 174 (Hosingen-Troisvierges) und 182 (Vianden-Clerf) werden aus Richtung Süden kommend über Eisenbach, Rodershausen und den CR 342 zur N7 hinter Hosingen geleitet. Die Haltestellen Hosingen-Eesberwee, Hosingen-Ewescht Duerf und Hosingen-Bayrischt werden nicht angesteuert.

Vom 19. (22 Uhr) bis 22. Juli (4 Uhr) fährt die Linie 152 (Marnach-Hosingen) aus Richtung Norden kommend ab der Haltestelle Rodershausen-Um Weier direkt über den CR 342 zur N7 hinter Hosingen. Die Haltestellen Kierch a Millewee in Rodershausen, der Kohnenhof sowie Obereisenbach werden nicht angesteuert.

 

WICHTEG! Ännerunge bei der Kollekt vun de Poubellen an der Ortschaft Housen an der Woch vum 15. bis 21. Juli

WICHTEG! Ännerunge bei der Kollekt vun de Poubellen an der Ortschaft Housen an der Woch vum 15. bis 21. Juli

LU Wéinst de geplangte Stroossenaarbechten op der N7 an der Traversée vun Housen kënnt et an der ganzer Ortschaft Housen an der Woch vum 15. bis den 21. Juli 2024 zu folgenden Ännerunge beim Eidelmaache vun de Poubellen:

  • D’Kollekt vu der bronger Bio-Poubelle (16. Juli) entfällt
  • Déi gro Hausmüll-Poubelle gëtt méindes, den 22. Juli, eidel gemaach (amplaz vum 19. Juli)
  • Déi blo Pabeier-Poubelle gëtt samschdes, de 27. Juli, eidel gemaach (amplaz vum 18. Juli)

Dës Ännerunge gëllen nëmme fir d’Ortschaft Housen!

__________

FR En raison des travaux routiers sur la route N7 dans la traversée de Hosingen, les modifications suivantes seront apportées à la collecte des déchets dans toute la localité de Hosingen pendant la semaine du 15 au 21 juillet 2024 :

  • Le vidage de la poubelle brune pour les déchets organiques (16 juillet) est supprimé
  • La poubelle grise pour les ordures ménagères sera collectée le lundi 22 juillet (au lieu du 19 juillet)
  • La poubelle bleue pour les déchets de papier sera collectée le samedi 27 juillet (au lieu du 18 juillet)

Ces modifications ne sont valables que pour la localité de Hosingen !

__________

DE Wegen der anstehenden Straßenerneuerungsarbeiten auf der N7 in der Ortsdurchfahrt von Hosingen kommt es in der gesamten Ortschaft Hosingen in der Woche vom 15. bis zum 21. Juli 2024 zu folgenden Änderungen bei der Müllabfuhr:

  • Die Leerung der braunen Biomüll-Tonne (16. Juli) entfällt
  • Die graue Hausmüll-Tonne  wird montags, den 22. Juli, abgeholt (anstatt am 19. Juli)
  • Die blaue Papiermüll-Tonne wird samstags, den 27. Juli, abgeholt (anstatt am 18. Juli)

Diese Änderungen gelten lediglich für die Ortschaft Hosingen!

7. Juli 2024: Fuerplangwiessel am ëffentlichen RGTR-Bustransport

7. Juli 2024: Fuerplangwiessel am ëffentlichen RGTR-Bustransport

LU Ee Sonndeg, de 7. Juli 2024, trëtt am ëffentlechen RGTR-Busnetz ërem ee Fuerplangwiessel a Kraaft, deen och verschidde Linnen betrëfft, déi duerch d’Gemeng Parc Housen fueren:

  • Op de Linnen 143 (Wolz-Draufelt-Duerscht), 153 (Housen-Holztem-Kautebaach) an 170 (Ettelbréck-Dikrech-Huldang) ginn d’Horairen deels adaptéiert fir d’Korrespondenz mat den Zich a Bussen op de Garen zu Wëlwerwolz, Kautebaach an Ettelbréck ze garantéieren.
  • Op der Linn 170 (Ettelbréck-Dikrech-Huldang) gëtt déi offiziell Korrespondenz mat der Linn 163 zu Hengescht-Geméin suppriméiert.
  • D’Betribslinn 16U Rouderssen-Colmar/Usines gëtt suppriméiert.

All Ännerunge fannt Dir hei an op www.hosingen.lu

_________

FR Le dimanche 7 juillet 2024, un nouveau changement d’horaire entrera en vigueur sur le réseau public de bus RGTR. Ce changement concerne également plusieurs lignes qui traversent la Commune du Parc Hosingen :

  • Sur les lignes 143 (Wiltz-Drauffelt-Dorscheid), 153 (Hosingen-Holzthum-Kautenbach) et 170 (Ettelbruck-Diekirch-Huldange), les horaires seront partiellement adaptés de manière à assurer la correspondance avec les trains et les bus aux gares de Wilwerwiltz, Kautenbach et Ettelbruck.
  • Sur la ligne 170 (Ettelbruck-Diekirch-Huldange), la correspondance officielle avec la ligne 163 à Heinerscheid-Geméin est supprimée.
  • La ligne d’exploitation U16 Rodershausen-Colmar/Usines est supprimée.

Retrouvez toutes les adaptations ici et sur www.hosingen.lu

_________

DE Am Sonntag, dem 7. Juli 2024, tritt im öffentlichen RGTR-Busnetz erneut ein Fahrplanwechsel in Kraft, der auch verschiedene Linien betrifft, die die Gemeinde Parc Hosingen durchqueren:

  • Auf den Linien 143 (Wiltz-Drauffelt-Dorscheid), 153 (Hosingen-Holzthum-Kautenbach) und 170 (Ettelbrück-Diekirch-Huldingen) werden die Fahpläne teils so angepasst, dass die Korrespondenz mit den Zügen und Bussen an den Bahnhöfen in Wilwerwiltz, Kautenbach und Ettelbrück gewährleistet ist.
  • Auf der Linie 170 (Ettelbrück-Diekirch-Huldingen) wird die offizielle Korrespondenz mit der Linie 163 in Heinerscheid-Geméin abgeschafft.
  • Die Betriebslinie U16 Rodershausen-Colmar/Usines wird abgeschafft.

Alle Änderungen finden Sie hier und auf www.hosingen.lu

Houschent: Arméi huet Moderniséierungspläng fir Schéissstand am Bleesdall virgestallt

Houschent: Arméi huet Moderniséierungspläng fir Schéissstand am Bleesdall virgestallt

Photos: Commune Parc Hosingen / Graphiques: Armée luxembourgeoise

LU Ee Mittwoch, den 3. Juli 2024, haten d’Gemenge Parc Housen a Pëtschent zesumme mat der Lëtzebuerger Arméi op eng Informatiounsversammlung op Houschent invitéiert fir de Projet vun der Moderniséierung vum Schéissstand am Bleesdall virzestellen. Ab 2026 wäert deen 28 ha grousse Site am Dall tëscht Houschent a Grooljen, deen aus de 1950er Joere stammt a mëttlerweil weder den heitege Konformitéitsnormen nach den Erausfuerderunge vun der Arméi entsprecht, komplett neigestalt ginn.

Niewt dem 400-m-Schéissstand, dee renovéiert gëtt, entstinn och zwéi Schéissstänn vun 30m resp. 50m fir d’Tireuren ze forméieren. Des Weideren entstinn ee Shooting House an ee Shooting Tower fir den Training vu Spezialunitéiten an ee neit Verwaltungsgebai. Duerch d’Installatioun vun Akustikwänn an eng aner Ausriichtung vum Schéissstand soll de Kaméidi vun de Schéisstraininger  reduzéiert ginn.

De Sprengstand gëtt esou amenagéiert, dass déi maximal Sprenglaascht, déi kann zerstéiert ginn, zwar op 10 Kilo ka ropgoen; duerch d’Sprengen a Sprenglächer, déi mat Sand opgefëllt ginn, sollen de Kaméidi an d’Drockwellen – déi gréisste Suerg vun de Leit an den Dierfer ronderëm – awer net zouhuelen an d’Normen vun der ITM respektéiert ginn, wéi d’Etude vun de Fachbüroe géinge weisen.

Des Weideren hunn de Col. Pascal Ballinger an d’Lt.-Col. Tania Weinzaepfel erkläert, dass et keng Sprengungen um Weekend an no 22 Auer wäerte ginn an keng Schéissübunge sonndes duerchgefouert an héchstens 10 Mol am Joer no 22 Auer geschoss wäert ginn.

Mat Bléck op d’Sécherheetsperimeter, déi den Ament quasi inexistent sinn, gëtt den Site am onmëttelbaren Ëmfeld mat enger 2 Meter héijer Cloture geséchert. Een zweete Perimeter gëtt mat Seeler a Warnschëlder ëmschloss (fir dass de Wëldwiessel weider garantéiert bleift) an dee bausseschte Perimeter gëtt mat Warnschëlder op all 25 m ëmkreest, déi op d’Betriede vun engem site militaire hindeiten.

Fir d’Moderniséierung vum Schéissstand am Bleesdall leeft den Ament dann och d’Prozedur vun engem sougenannte « plan d’occupation du sol » (POS) fir de Site an eng zone militaire ëmzeklasséieren.

__________

FR Le mercredi 3 juillet 2024, les communes du Parc Hosingen et de Putscheid, en collaboration avec l’Armée luxembourgeoise, ont organisé une réunion d’information à Hoscheid afin de présenter le projet de modernisation du champ de tir au Bleesdall. A partir de 2026, le site de 28 ha situé dans la vallée entre Hoscheid et Gralingen, qui date des années 1950 et ne répond plus aux normes de conformité actuelles ni aux exigences de l’armée, sera entièrement réaménagé.

Outre le stand de tir de 400m qui sera rénové, deux stands de tir de 30m respectivement 50m seront créés pour la formation des tireurs. En outre, une Shooting House et une Shooting Tower seront construites pour l’entraînement des unités spéciales, ainsi qu’un nouveau bâtiment administratif. L’installation de murs acoustiques et une nouvelle orientation du stand de tir devraient permettre de réduire le bruit généré par les exercices de tir.

Le terrain de dynamitage sera conçu de manière à ce que la charge maximale d’explosifs qui peut être détruite passe à 10 kg, mais que le bruit et les ondes de choc, qui sont la principale préoccupation des habitants des villages environnants, n’augmentent pas et respectent toutes les normes de l’ITM, comme l’ont démontré les études des bureaux spécialisés.

Par ailleurs, le Col. Pascal Ballinger et le Lt.-Col. Tania Weinzaepfel ont déclaré qu’il n’y aurait pas d’explosions le week-end ni après 22 heures et que les tirs n’auraient jamais lieu le dimanche et au maximum 10 fois par an après 22 heures.

En ce qui concerne les périmètres de sécurité, qui sont actuellement quasi inexistants, l’installation sera protégée par une clôture de 2 mètres de haut dans les environs immédiats. Un deuxième périmètre sera entouré de cordes et de panneaux d’avertissement (afin de garantir le passage du gibier) et le périmètre le plus éloigné sera entouré de panneaux d’avertissement tous les 25 mètres, indiquant que l’on pénètre sur un terrain militaire.

Pour la modernisation du champ de tir au Bleestal, la procédure d’un « plan d’occupation du sol » (POS) est également en cours afin de reclasser le site en zone militaire.

__________

DE Am Mittwoch, dem 3. Juli 2024, hatten die Gemeinden Parc Hosingen und Pütscheid gemeinsam mit der Luxemburger Armee zu einer Informationsveranstaltung nach Hoscheid eingeladen, um das Projekt zur Modernisierung des Schießstands im Bleestal vorzustellen. Ab 2026 wird der 28 ha große Standort im Tal zwischen Hoscheid und Gralingen, der aus den 1950er Jahren stammt und mittlerweile weder den heutigen Konformitätsnormen noch den Anforderungen der Armee enspricht, komplett neugestaltet.

Neben dem 400m-Schießstand, der renoviert wird, entstehen auch zwei Schießstände von 30 bzw. 50m zur Ausbildung der Schützen. Des Weiteren entstehen ein Shooting House und ein Shooting Tower für das Training von Spezialeinheiten sowie ein neues Verwaltungsgebäude. Dank der Installation von Akustikwänden und einer anderen Ausrichtung des Schießstandes soll der von den Schießübungen herrührende Lärm reduziert werden.

Der Sprengstand wird so ausgestaltet, dass die maximale Sprenglast, die zerstört werden kann, zwar auf 10 kg steigt; durch das Sprengen in Sprenglöchern, die mit Sand ausgefüllt werden, sollen der Lärm und die Druckwellen – die größte Sorge der Einwohner der umliegenden Dörfer – jedoch nicht ansteigen und sämtliche Normen der ITM respektieren, wie die Studien der Fachbüros belegten.

Des Weiteren erklärten Col.Pascal Ballinger und Lt.-Col. Tania Weinzaepfel, dass es keine Sprengungen am Wochenende sowie nach 22 Uhr geben wird und Schießübungen niemals sonntags und höchstens 10 Mal im Jahr nach 22 Auer stattfinden werden.

Mit Blick auf die Sicherheitsperimeter, der zurzeit quasi inexistent sind, wird die Anlage im unmittelbaren Umfeld mit einem 2 Meter hohen Zaun gesichert. Ein zweiter Perimeter wird mit Seilen und Warnschildern umschlossen (damit der Wildwechsel garantiert werden) und der äußerste Perimeter wird mit Warnschildern im Abstand von 25 Metern umkreit , die auf das Betreten eines Militärgeländes hindeuten.

Für die Modernisierung des Schießstandes im Bleestals läuft derzeit auch die Prozedur eines sogenannten « plan d’occupation du sol » (POS), um den Standort eine Militärzone umzuklassieren.

Aktivitéitszon (ZAER) Op der Héi zu Housen: Neit Parkreglement ass ënnerwee

Aktivitéitszon (ZAER) Op der Héi zu Housen: Neit Parkreglement ass ënnerwee

LU A senger Sitzung vum 20. Juni 2024 huet de Gemengerot Parc Housen een neit Verkéiersreglement fir déi regional Aktivitéitszon (Z.A.E.R.) Op der Héi zu Housen ugeholl. Soubal dëst vun den zoustännege Ministère geneemegt ass an domat offiziell a Kraaft triede kann, wäert d’Police réigelméisseg op der Plaz kontrolléieren a Protokoller schreiwen fir déi Autoen, déi:

  • op Gréngsträifen op anere Gréngfläche parken
  • déi op Parksträife bannent der Aktivitéitszon parken, déi fir de Schwéiertransport reservéiert sinn
  • déi op der ëffentlecher Strooss parken

D’Gemeng verweist d’Betriber aus der ZAER notamment op de neie « Park&Ride » um Rond-Point Schinker, vu wou aus d’Entreprise « Forum pour l’Emploi » mëttlerweil eng Busnavette zu den Haaptdeparts- an Arrivéeszäiten um Moien an am Nomëtteg ubidd.

_________

FR Lors de sa séance du 20 juin 2024, le conseil communal du Parc Hosingen a adopté un nouveau règlement de circulation pour la zone d’activités régionale (Z.A.E.R.) Op der Héi à Hosingen. Dès que celui-ci aura été approuvé par l’autorité supérieure et pourra donc entrer officiellement en vigueur, la police effectuera des contrôles réguliers sur place et dressera un procès-verbal de tous les véhicules qui :

  • sont stationnés sur des bandes vertes et autres espaces verts
  • stationnent sur des bandes de stationnement à l’intérieur de la zone d’activité régionale, réservées exclusivement aux véhicules lourds
  • stationnent sur la voie publique

La commune attire l’attention des entreprises de la ZAER notamment sur le nouveau « Park&Ride » du rond-point Schinker, à partir duquel l’entreprise « Forum pour l’Emploi » propose entre-temps un service de navette par bus aux heures d’arrivée et de départ principales du matin et de l’après-midi.

_________

DE In seiner Sitzung vom 20. Juni 2024 hat der Gemeinderat Parc Hosingen eine neue Verkehrsverordnung für die regionale Gewerbezone (Z.A.E.R.) Op der Héi in Hosingen angenommen. Sobald dieses von der Oberbehörde abgesegnet ist und damit auch offiziell in Kraft treten kann, wird die Polizei demnach regelmäßige Kontrollen vor Ort durchführen und sämtliche Fahrzeuge protokollieren, die:

  • auf Grünstreifen und anderen Grünflächen abgestellt sind
  • auf Parkstreifen innerhalb der regionalen Gewerbezone stehen, welche ausschließlich den Schwerlastfahrzeugen vorbehalten sind
  • auf öffentlicher Straße parken

Die Gemeinde verweist die Betriebe in der ZAER insbesondere auf das neue „Park&Ride“-Gelände am Verteilerkreis Schinker, ab welchem das Unternehmen „Forum pour l’Emploi“ inzwischen einen Buspendeldienst zu den Hauptan- und abfahrtszeiten am Morgen und am Nachmittag anbietet.

 

OPGEPASST!! Stroossenaarbechten op der N7 an Housen tëscht dem 16. an 22. Juli 2024

OPGEPASST!! Stroossenaarbechten op der N7 an Housen tëscht dem 16. an 22. Juli 2024

LU OPGEPASST: Tëscht dem 16. an dem 22. Juli 2024 ginn op der N7 an der Traversée vun Housen zwéi Chantieren ausgefouert, wouduerch zum Deel gréisser Deviatiounen néideg an och Niewestroossen méi belaascht wäerte sinn:

Vum 16. Juli (6 Auer) bis den 19. Juli (22 Auer) gëtt tëscht dem Agank vun Housen aus Richtung Maarnech bis op d’Héicht vum Garage Schweig d’Couche de Roulement erneiert.

Den Trafic aus Richtung Süden gëtt dofir iwwer den Eesberwee zu Housen (hannert deem leschten Haus) am sens unique an den Ourdall op Uewereesbech a Rouderssen geleet, vu wou aus et och am sens unique iwwer den CR 342 (resp. fir d’Camionen iwwer d’Dosberbréck) erëm rop op d’N7 Richtung Norden geet.

Den Trafic aus Richtung Norden gëtt dogéint duerch Housen geleet, wou wäerend dem Chantier op der N7 ëmmer eng Fuerbunn op bleift. Vum 16. (6 Auer) bis den 18. Juli (6 Auer) sinn d’Kräizunge vun der N7 mat de Stroossen Holzbicht/Duurchfaart/Am Graaf an Um Knupp net accessibel. Vum 18. (6 Auer) bis de 19. Juli (22 Auer) sinn d’Kräizunge vun der N7 mat de Stroosse Kraeizgaass an Am Eck net accessibel.

Vum 19. Juli bis den 22. Juli (4 Auer moies) gëtt dann op Héicht vun der Police de la route zu Housen d’Tranchée fir déi nei Creos-Héichspannungsleitung duerch d’N7 gezunn. Den Trafic aus Richtung Süden gëtt dofir iwwer de Schinker an den Ourdall op Pëtschent a Stolzebuerg geleet, vu wou aus et ab Uewereesbech am sens unique op Rouderssen, a vun do aus iwwer den CR 342 (am sens unique) resp. iwwer d’Dosberbréck erëm rop op d’N7 Richtung Norden geet.

Den Trafic aus Richtung Norden gëtt zu Housen bis op d’Kräizung mam Eesberwee geleet a vun do aus duerch d’Strooss op der Héi an d’Aktivitéitszon (ZAER) zeréck op d’N7 Richtung Schinker.

All Infoen zu Ännerungen an der Offallcollecte resp. am RGTR-Bustrafic gi matgedeelt, soubal d’Gemeng méi Informatiounen dozou huet.

Fir all Froen steet Ponts et chaussées ënnert Tel. 2846-3200 resp. d’Creos ënner Tel. 621 575 917 zur Verfügung.

 __________ 

FR ATTENTION : Entre le 16 et le 22 juillet 2024, des travaux routiers et d’infrastructure seront effectués sur la N7 dans la traversée de Hosingen. Ces travaux entraîneront en partie des déviations importantes et une charge plus élevée sur les routes secondaires :

Du 16 juillet (6h) au 19 juillet (22h), la couche de roulement sera rénovée entre l’entrée de Hosingen en provenance de Marnach et le Garage Schweig.

Le trafic en provenance du sud est donc dirigé vers la vallée de l’Our via l’Eesberwee à Hosingen (à partir de la dernière maison) en sens unique vers Obereisenbach et Rodershausen, d’où il est également dirigé en sens unique via le CR 342 (ou via Dasburg-Pont pour le trafic lourd) pour revenir vers la N7 en direction du nord.

Par contre, le trafic en provenance du nord est dirigé vers Hosingen, où une voie reste toujours accessible pendant le chantier sur la N7. Du 16 (6h) au 18 juillet (6h), les croisements de la N7 avec les rues Holzbicht/Duurchfaart/Am Graaf et Um Knupp ne seront pas accessibles. Du 18 (6h) au 19 juillet (22h), les croisements de la N7 avec les rues Kraeizgaass et Am Eck ne sont pas accessibles.

 __________

DE Du 19 juillet au 22 juillet (4 heures du matin), la tranchée pour la nouvelle ligne à haute tension de la Creos sera creusée à travers la N7 à la hauteur de la Police de la route à Hosingen. La circulation en provenance du sud sera déviée à partir du rond-point Schinker vers la vallée de l’Our en direction de Putscheid et Stolzembourg, d’où la circulation à sens unique à partir d’Obereisenbach vers Rodershausen et le retour vers la N7 en direction du nord via le CR 342 également en sens unique (ou via Dasbourg-Pont).

La circulation en provenance du nord est dirigée à Hosingen jusqu’au carrefour avec l’Eesberwee et de là, par la rue op der Héi et la zone d’activités (ZAER), elle revient vers la N7 en direction de Schinker.

Toutes les informations concernant les modifications de la collecte des déchets ou du transport public par bus RGTR seront communiquées dès que la commune disposera de plus d’informations à ce sujet.

Pour toute question, vous pouvez contacter l’administration des routes au 2846-3200 ou la Creos au 621 575 917.

ACHTUNG: Zwischen dem 16. und dem 22. Juli 2024 werden auf der N7 in der Ortsdurchfahrt von Hosingen Straßen- und Infrastrukturarbeiten durchgeführt, welche teils zu größeren Umleitungen und einer höheren Belastung der Nebenstraßen führen werden:

Vom 16. Juli (6 Uhr) bis 19. Juli (22 Uhr) wird zwischen dem Ortseingang von Hosingen aus Richtung Marnach und dem Autohaus Schweig der Fahrbahnbelag erneuert.

Der Verkehr aus Richtung Süden wird daher über den Eesberwee in Hosingen (ab dem letzten Haus) im Einbahnverkehr ins Ourtal nach Obereisenbach und Rodershausen geleitet, von wo aus es ebenfalls im Einbahnverkehr über den CR 342 (bzw. für den Schwerlastverkehr über Dasburg-Brücke) zurück zur N7 Richtung Norden geleitet.

Der Verkehr aus Richtung Norden wird dagegen durch Hosingen geleitet, wo während der Baustelle auf der N7 immer eine Fahrbahn befahrbar bleibt. Vom 16. (6 Uhr) bis zum 18. Juli (6 Uhr) sind die Kreuzungen der N7 mit den Straßen Holzbicht/Duurchfaart/Am Graaf und Um Knupp nicht zugänglich. Vom 18. (6 Uhr) bis zum 19. Juli (22 Uhr) sind die Kreuzungen der N7 mit den Straßen Kraeizgaass und Am Eck nicht zugänglich.

Vom 19. Juli bis zum 22. Juli (4 Uhr morgens) wird auf Höhe der Police de la route in Hosingen der Graben für die neue Creos-Hochspannungsleitung durch die N7 gezogen. Der Verkehr aus Richtung Süden wird ab dem Kreisverkehr Schinker ins Ourtal nach Pütscheid und Stolzemburg geleitet, von von wo aus es ab Obereisenbach im Einbahnverkehr nach Rodershausen und über den CR 342 ebenfalls im Einbahnverkehr (bzw. über Dasburg-Brücke) zurück zur N7 Richtung Norden geht.

Der Verkehr aus Richtung Norden wird in Hosingen bis zur Kreuzung mit dem Eesberwee geleitet und von dort aus durch die Straße op der Héi und die Gewerbezone (ZAER) zurück zur N7 Richtung Schinker.

Alle Informationen zu Änderungen bei der Müllabfuhr bzw. des öffentlichen RGTR-Busverkehrs werden mitgeteilt, sobald die Gemeinde mehr Informationen hierzu hat.

Für sämtliche Fragen steht die Straßenbauverwaltung unter Tel. 2846-3200 bzw. die Creos unter Tel. 621 575 917 zur Verfügung.

Gemeng Parc Housen iwwerreecht opgeronnte Spendenerléis vun der Seniorefeier 2023 un d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn (ASA)

Gemeng Parc Housen iwwerreecht opgeronnte Spendenerléis vun der Seniorefeier 2023 un d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn (ASA)

LU Uschléissend u seng jéngst Sitzung war et dem Gemengerot Parc Housen dëser Deeg eng Freed, der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn (ASA Asbl) een Don an Héicht vun 1.000 Euro ze iwwerreechen. D’Sue stammen aus dem Spendenerléis vun der Seniorefeier 2023, deen de Gemengerot duerno op 1.000 Euro opgestockt huet. Am Numm vun der ASA hunn d’Madamm Jeanne Bourg an de Golden Retriever « Puzzle » ganz häerzlech Merci gesot fir dëse Geste, deen d’ASA gutt fir d’Ausbildung an d’Weidervermëttlung vun Assistenzhonn gebrauche kann, finanzéiert d’Vereenegung hir Aktivitéiten dach integral aus Donen.

__________

FR Suite à sa récente séance, le conseil communal du Parc Hosingen a eu le plaisir de remettre ces jours-ci un don de 1.000 euros à l’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn (ASA Asbl). La somme, portée à 1.000 euros par le conseil communal, provient des dons récoltés lors de la fête du troisième âge 2023. Au nom de l’ASA, Jeanne Bourg et le golden retriever « Puzzle » ont remercié chaleureusement l’association pour ce geste, car elle peut utiliser ce don au mieux pour l’éducation et la transmission de chiens d’assistance. L’association finance intégralement ses activités grâce aux dons.

__________

DE Im Anschluss an seine jüngste Sitzung war es dem Gemeinderat Parc Hosingen dieser Tage eine Freude, der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn (ASA Asbl) eine Spende in Höhe von 1.000 Euro zu überreichen. Die vom Gemeinderat auf 1.000 Euro aufgestockte Summe stammt aus dem Spendenerlös der letztjährigen Seniorenfeier. Im Namen der ASA bedankten sich Jeanne Bourg und der Golden Retriever « Puzzle » sehr herzlich für diese Geste, kann die ASA die Spende doch bestens dür die Ausbildung und die Weitervermittlung von Assistenzhunden gebrauchen. Immherin finanziert die Vereinigung ihre Aktivitäten integral aus Spendengeldern.

« Aktiv Dobaussen »: Flott Aktivitéite vum Jugendduerf Housen am Juli

« Aktiv Dobaussen »: Flott Aktivitéite vum Jugendduerf Housen am Juli

LU Am Juli invitéiert d’Jugendduerf Housen ënnert dem Motto « Aktiv Dobaussen » ërem op eng Rei vu flotten Aktivitéiten an den Dierfer vun der Gemeng Parc Housen. Weider Informatiounen och op

www.elisabethjeunesse.lu

__________

FR En juillet, le village de jeunes de Hosingen vous invite à nouveau à participer à plusieurs activités divertissantes dans les localités de la Commune du Parc Hosingen sous le slogan « Aktiv dobaussen ». Vous trouverez de plus amples informations sur

www.elisabethjeunesse.lu

__________

DE Im Juli lädt das Jugenddorf Hosingen unter dem Motto « Aktiv dobaussen » erneut zu etlichen unterhaltsamen Aktivitäten in den Ortschaften der Gemeinde Parc Hosingen ein. Weitere Informationen gibt es auch unter

www.elisabethjeunesse.lu

Andréck vun de Feierlechkeeten zum Nationalfeierdag 2024 zu Housen

Andréck vun de Feierlechkeeten zum Nationalfeierdag 2024 zu Housen

LU Um Samschdegowend, dem 22. Juni 2024, gouf zu Housen op traditionell Manéier de Virowend vun Nationalfeierdag begaangen. Ugefouert vun de Pompjeeën an der Houser Musik an a Präsenz vu ganz ville Veräinsvertrieder a Bierger goung et am Cortège erop an d’Kierch, wou den Dechen Jeannot Gillen an de Paschtouer Carlos Romario Arnold, begleet vun de Chorales réunies aus der Gemeng de feierlechen Te Deum zelebréiert hunn. Uschléissend huet de Buergermeeschter Romain Wester Éieremedaillen an Diplomer u verdéngschtvoll Veräinsvertrieder iwwerreecht, iert d’Conseillère Louise Frieseisen vu Wuelëssen fir säi laangjäeregen Asaz am Gemengerot mat dem Ordre de mérite ausgezeechent gouf.

Duerno goung et am Fakelzuch zeréck op d’Héi an de Centre culturel, wou den Owend bäi Gegrills, Musik an deem eng oder anere Pättche geselleg ausklénge gelooss gouf.

_________

FR Samedi soir, le 22 juin 2024, la veille de la fête nationale a été célébrée à Hosingen. Emmené par les pompiers et l’Harmonie municipale de Hosingen, et en présence de nombreux représentants d’associations et de citoyens, le cortège s’est d’abord rendu à l’église, où le doyen Jeannot Gillen et le curé Carlos Romario Arnold ont célébré le Te Deum solennel encadré par les Chorales réunies de la commune. Le bourgmestre Romain Wester a ensuite remis des médailles d’honneur et des diplômes à des représentants d’associations méritants, avant que la conseillère Louise Frieseisen de Wahlhausen a été décorée de l’Ordre de mérite pour son engagement de longue date au sein du conseil communal.

Ensuite, un cortège aux flambeaux a ramené les participants « op d’Héi » au centre culturel, où la soirée s’est terminée par des grillades, de la musique et quelques verres conviviaux.

_________

DE Am Samstagabend, dem 22. Juni 2024, wurde in Hosingen traditionsgemäß der Vorabend des Nationalfeiertags begangen. Angeführt von der Feuerwehr und der Harmonie municipale Hosingen sowie im Beisein zahlreicher Vereinsvertreter und Bürger ging es im Festumzug zunächst zur Kirche, wo Dechant Jeannot Gillen und Pfarrer Carlos Romario Arnold, das feierliche, von den Chorales réunies aus der Gemeinde umrahmte Te Deum zelebrierten. Anschließend überreichte Bürgermeister Romain Wester Ehrenmedaillen und Diplome an verdienstvolle Vereinsvertreter, ehe Rätin Louise Frieseisen aus Wahlhausen für ihr langjähriges Engagement im Gemeinderat mit dem Ordre de mérite ausgezeichnet wurde.

Alsdann ging es im Fackelzug zurück « op d’Héi » ins Kulturzentrum, wo der Abend mit Grillleckereien, Musik und dem ein oder anderen geselligen Gläschen ausklingen gelassen wurde.

(Fotoen/Photos: Roby Biren)

Wuelëssen: Chantier fir d’Verleeë vun der neier Creos-Héichspannungsleitung ugelaf

Wuelëssen: Chantier fir d’Verleeë vun der neier Creos-Héichspannungsleitung ugelaf

LU Um Gewan vis-à-vis vun der Wuelësser Déckt sinn dëser Deeg d’Aarbechte fir d’Verleeë vun enger neier Creos-Héichspannungsleitung ugelaf, déi vu Walsduerf aus an der Gemeng Parc Housen ënnerierdesch laanscht Wuelëssen an de Parc Housen bis op Housen a vun do aus laanscht den Tracé vum neie Contournement bis an d’Lehmkaul wäert lafen.

__________

FR Les travaux de pose d’une nouvelle ligne à haute tension de la Creos ont commencé ces jours-ci sur le ban en face de Wahlhausen-Dickt. Celle-ci partira de Walsdorf et traversera le territoire de la Commune de Parc Hosingen en souterrain en passant par Wahlhausen et le Parc Hosingen jusqu’à Hosingen pour suivre de là le tracé du nouveau contournement jusqu’au lieu-dit Lehmkaul.

__________

DE Auf der Flur gegenüber von Wahlhausen-Dickt haben dieser Tage die Arbeiten zur Verlegung einer neuen Creos-Hochspannungsleitung begonnen, welche von Walsdorf herkommend in der Gemeinde Parc Hosingen unterirdisch an Wahlhausen und am Parc Hosingen vorbei bis nach Hosingen und von dort aus entlang der Trasse der neuen Umgehungsstraße bis zur Lehmkaul verlaufen wird.

BCEE: Spuerkeess-Bus kënnt wéinst Pann bis op Weideres net op Housen

BCEE: Spuerkeess-Bus kënnt wéinst Pann bis op Weideres net op Housen

LU Wéi d’Banque et Caisse d’épargne de l’Etat (BCEE) matdeelt, kann d’Agence mobile (Spuerkeess-Bus) vun der Spuerkeess bis op Weideres net méindes op Housen kommen.

__________

FR La Banque et Caisse d’épargne de l’Etat (BCEE) informe que l’agence mobile (Spuerkeess-Bus) de la Caisse d’épargne ne peut pas se rendre à Hosingen jusqu’à nouvel ordre en raison d’une panne. 

__________

DE Wie die Banque et Caisse d’épargne de l’Etat (BCEE) mitteilt kann die mobile Filiale (Spuerkeess-Bus) der Sparkasse wegen einer Panne bis auf Weiteres nicht nach Hosingen kommen. 

Den neien « Houser Sender » ass do!

Den neien « Houser Sender » ass do!

LU Déi neist Editioun vum Gemengeblad « Den Houser Sender » ass do a gëtt an dësen Deeg erëm an all Haushalter vun der Gemeng Parc Housen verdeelt. Nieft de Gemengerotsberichter fannt Dir am neie Sender ë.a. och ee Réckbléck op d’Aweiung vum neie Monument fir d’Affer vu Krichsminnen a -munitioun beim Waassertuerm zu Housen, ee flotte Reportage iwwer de neie Siège vum « Forum pour l’Emploi » zu Housen, ee Bléck iwwer d’Chantieren an der Gemeng, en Iwwerbléck iwwer eis Spillplazen an all Informatiounen zu den Europawalen, de 9. Juni 2024. Vill Freed beim Liesen!

__________

FR La nouvelle édition du bulletin communal « Den Houser Sender » est arrivée et sera à nouveau distribuée ces jours-ci dans tous les foyers de la Commune du Parc Hosingen. Outre les rapports des séances du conseil communal, vous trouverez dans ce nouveau « Sender », entre autres, une rétrospective sur l’inauguration du nouveau monument aux victimes des mines et munitions de guerre près du château d’eau de Hosingen, un reportage intéressant sur le nouveau siège du « Forum pour l’Emploi » à Hosingen, un aperçu des chantiers en cours dans la commune, un aperçu de nos aires de jeux ainsi que toutes les informations concernant les élections européennes du 9 juin 2024. Bonne lecture !

__________

DE Die neueste Ausgabe des Gemeindeblatts « Den Houser Sender » ist da und wird dieser Tage erneut an allen Haushalte der Gemeinde Parc Hosingen verteilt. Neben den Gemeinderatsberichten finden Sie im neuen « Sender » u.a. auch einen Rückblick auf die Einweihung des neuen Denkmals für die Opfer vun Kriegsminen und -munition beim Wasserturm in Hosingen, eine interessante Reportage über den neuen Betriebssitz des « Forum pour l’Emploi » in Hosingen, einen Blick auf die laufenden Baustellen in der Gemeinde, eine Übersicht über unsere Spielplätze sowie alle Informationen zu den Europawahlen am 9. Juni 2024. Viel Spaß beim Lesen!  

Wéinst unhalende Fiichtegkeetsproblemer: Houser Waassertuerm kritt ee neit Kleed

Wéinst unhalende Fiichtegkeetsproblemer: Houser Waassertuerm kritt ee neit Kleed

Bild 2: Illustratioun vun der neier Betonsfassad fir den Houser Waassertuerm (Grafik: RW Consult)

Bild 3: Bannen am Tuerm sinn déi schwéier Fiichtegkeetsproblemer net méi ze iwwersinn.

Bild 4: Den éischten Houser Waassertuerm aus dem Joer 1932 gouf um Enn vum Zweete Weltkrich zerstéiert.

Bild 5: Den Houser Waassertuerm, esou wéi e sech den Ament vu bausse presentéiert.

Bild 6: Bannen am Tuerm sinn déi schwéier Fiichtegkeetsproblemer net méi ze iwwersinn.

Bild 7: Mëtt der 1950er Joere gouf ee ganz neien Waasstuerm zu Housen opgeriicht.

LU Wéinst den unhalende Fiichtegkeetsproblemer, déi riskéieren, d’Gemaier schwéier ze beschiedegen an a réigelméissegen Ofstänn bedeitend Renovatiounskäschten ze generéieren, gëtt den Houser Waassertuerm an deene kommende Méint baussen a banne grondleegend sanéiert a mat enger laangfristeg waasserresistenter Betonsfassad agekleed.

En entspriechenden Devis vu 448.000 Euro huet de Gemengerot Parc Housen a senger leschter Sitzung eestëmmeg ugeholl.

No der Zerstéierung vum éischten Tuerm am Zweete Weltkrich a nom Rëmopbau vun engem neien Tuerm Mëtt der 1950er Joeren, kritt dat historescht Bauwierk domat elo op ee neits a senger Geschicht ee neit Gesiicht. Am Waassertuerm, deen och weiderhinn a Betrib bleift, soll no der Sanéierung am Kader vum Projet « Memorial Parc Housen » bekanntlech och eng dauerhaft Ausstellung zur Roll vum Gebai an der Ardennenoffensiv installéiert ginn.

__________

FR En raison de problèmes d’humidité persistants qui risquent d’endommager durablement les murs et de nécessiter d’importants travaux de rénovation à intervalles réguliers, le château d’eau de Hosingen va être profondément rénové à l’intérieur et à l’extérieur dans les prochains mois et revêtu d’une façade en béton hydrofuge à long terme.

Un devis correspondant de 448.000 euros a été approuvé à l’unanimité par le conseil communal du Parc Hosingen lors de sa dernière réunion.

Après la destruction de la première tour pendant la Seconde Guerre mondiale et la reconstruction d’une nouvelle tour au milieu des années 1950, le monument historique fait donc peau neuve pour la nouvelle fois de son histoire. Le château d’eau, qui restera en service, accueillera après sa rénovation une exposition permanente sur le rôle du bâtiment dans la Bataille des Ardennes, dans le cadre du projet « Memorial Parc Housen ».

__________

DE Wegen anhaltender Feuchtigkeitsprobleme, die riskieren, das Gemäuer nachhaltig zu schädigen und in regelmäßigen Abständen bedeutende Renovierungsarbeiten erforderlich zu machen, wird der Hosinger Wasserturm in den kommenden Monaten innen und außen grundlegend saniert und mit einer langfristig wasserabweisenden Betonfassade eingekleidet.

Einen entsprechenden Kostenvoranschlag von 448.000 Euro hat der Gemeinderat Parc Hosingen in seiner jüngsten Sitzung einstimmig angenommen.

Nach der Zerstörung des ersten Turms im Zweiten Weltkrieg und dem Wiederaufbau eines neuen Turms Mitte der 1950er Jahre, erhält das historischen Bauwerk nun also zum erneuten Male in seiner Geschichte ein neues Gesicht. Im Wasserturm, der auch weiterhin in Betrieb bleibt, soll nach der Sanierung bekanntlich im Rahmen des Projekts « Memorial Parc Housen » eine dauerhafte Ausstellung zur Rolle des Gebäudes in der Ardennenoffensive installiert werden.

Gréngschnëtt- a Schrottdepot: Haalt Iech w.e.g. un d’Ofliwwerungsvirschrëften

Gréngschnëtt- a Schrottdepot: Haalt Iech w.e.g. un d’Ofliwwerungsvirschrëften

LU D’Gemeng Parc Housen rappeléiert alle Bierger, sëch w.e.g. un d’Virgabe fir d’Ofliwwere vu Gras- an Heckeschnëtt resp. vun Eiseschrott um Depot beim Gemengenatelier ze halen. An de Grasschnëttdepot gehéiert just Gras; an den Heckeschnëttdepot just Hecken (keng Wuerzele mat Buedem resp. Onkraut, déi an der Biogasanlag net verschafft kënne ginn!). An de Schrottdepot kënnt just alt Eisen (keen Elektroschrott oder anerer Saachen!). D’Gemeng erënnert an engems drun, dass de Site videoiwwerwaacht ass an d’Police avertéiert gëtt, wa Leit sech net un d’Consignen halen.

__________

FR La Commune du Parc Hosingen tient à rappeler à tous les citoyens que les règles pour la décharge de matières au dépôt près de l’atelier communal sont à respecter. Ne sont acceptés au dépôt de gazon que de l’herbe et au dépôt de haie que des déchets issus de la taille de haies (pas de racines avec de la terre ou de la mauvaise herbe qui ne peuvent pas être traitées dans l’installation de biogaz!). Au dépôt de la ferraille ne sont acceptés que des vieux fers et métaux (pas d’appareils électriques ou de choses pareilles!). Veuillez également noter que le site est surveillé par caméra et que la police est avertie s’il faut constater un non-respect des consignes.

__________

DE Die Gemeinde Parc Hosingen erinnert daran, dass die Vorgaben zur Ablieferung von Grünschnitt und Eisenschrott im Depot beim Gemeindeatelier bitte zu beachten sind. Im Grasschnittdepot sind lediglich Grasabfälle, im Heckenschnittdepoot lediglich Abfälle von Heckeschnitt abzuliefern (kein Wurzelwerk mit Erde oder Unkraut, die nicht in der Biogasanlage verarbeitbar sind!). Im Schrottdepot wird nur Alteisen akzeptiert (keine Elektrogeräte oder Ähnliches!). Es sei ebenfalls darauf hingewiesen, dass der Standort videoüberwacht wird und der Polizei Meldung erstattet wird, wenn sich Bürger nicht an die Regeln halten.

« Night Rider »: Gemeng Parc Housen iwwerhëllt ab Abrëll just nach 4 allers-retours pro Mount!

« Night Rider »: Gemeng Parc Housen iwwerhëllt ab Abrëll just nach 4 allers-retours pro Mount!

LU Opgepasst! Op Beschloss vum Gemengerot vum 21. Mäerz 2024 iwwerhëllt d’Gemeng Parc Housen ab Abrëll 2024 just nach 4 Fahrte vum « Night Rider » (allers-retours) pro Mount.

__________

FR Attention ! Suite à la décision du conseil communal du 21 mars 2024, la Commune de Parc Hosingen ne prendra encore en charge, à partir d’avril 2024, que les frais de 4 trajets « Night Rider » (allers-retours) par mois. 

__________

DE Aufgepasst! Auf Beschluss des Gemeinderats vom 21. März 2024 hin, übernimmt die Gemeinde Parc Hosingen ab April 2024 noch lediglich die Kosten für 4 « Night Rider »-Fahrten (Hin- und Rückfahrt) pro Monat. 

Memorial Parc Housen: Neit Denkmol fir Affer vu Krichsminnen a -munitioun ageweit

Memorial Parc Housen: Neit Denkmol fir Affer vu Krichsminnen a -munitioun ageweit

LU Um Donneschdeg, dem 4. Abrëll, dem internationalen Dag vun der Lutte géint Krichsminnen, huet d’Gemeng Parc Housen a Präsenz vum Kulturminister Eric Thill an der Agrarministesch Martine Hansen een hei am Land bis elo eenzegaartegt Monument am Gedenken un d’Affer vu Krichsminnen a -munitioun zu Lëtzebuerg ageweit. D’Denkmol, dat vum Pol Asselborn a Remy Eiffes an Zesummenaarbecht mam Service de déminage vun der Arméi entworf gouf an dank de Recherchë vum Yves Rasqui all ermëttelt Accidenter mat Krichsiwwerreschter zu Lëtzebuerg op engem QR-Code zesummefaasst, ass Deel vum Projet Memorial Parc Housen, am Kader vun deem d’Gelänn ronderëm de Waassertuerm zu Housen an Zukunft zu engem Gedenksite zur Ardennenoffensiv an der Rekonstruktioun soll maachen.

www.memorialparchousen.lu

__________

FR En date du jeudi 4 avril, journée internationale de la lutte contre les mines de guerre, la Commune du Parc Hosingen a inauguré, en présence du ministre de la Culture Eric Thill et de la ministre de l’Agriculture Martine Hansen, un monument unique en son genre dans notre pays à la mémoire des victimes des mines et munitions de guerre au Luxembourg. Le monument, conçu par Pol Asselborn et Remy Eiffes en collaboration avec le Service de déminage de l’armée et regroupant sur un code QR, grâce aux recherches d’Yves Rasqui, tous les accidents identifiés avec des restes de guerre au Luxembourg, fait partie du projet Memorial Parc Hosingen, dans le cadre duquel le terrain autour du château d’eau à Hosingen deviendra à l’avenir un lieu de mémoire sur la Bataille des Ardennes et la reconstruction.

www.memorialparchousen.lu

__________

DE Am Donnerstag, dem 4. April, dem internationalen Tag des Kampfs gegen Kriegsminen, hat die Gemeinde Parc Hosingen im Beisein von Kulturminister Eric Thill und Agrarministerin Martine Hansen ein hierzulande bislang einzigartiges Monument zum Andenken an die Opfer von Kriegsminen und -munition in Luxemburg eingeweiht. Das Denkmal, das von Pol Asselborn und Remy Eiffes in Zusammarbeit mit dem Service de déminage der Armee entworfen und dank der Recherchen von Yves Rasqui alle ermittelten Unfälle mit Kriegsrückständen in Luxemburg auf einem QR-Code zusammenfasst, ist Teil des Projekts Memorial Parc Hosingen, im Rahmen dessen das Gelände rund um den Wasserturm in Hosingen in Zukunft zu einer Gedenkstätte zur Ardennenoffensive und dem Wiederaufbau werden soll.

www.memorialparchousen.lu

Gemengerot Parc Housen: Pläng fir neie Centre médical zu Housen huele Gestalt hunn

Gemengerot Parc Housen: Pläng fir neie Centre médical zu Housen huele Gestalt hunn

Illustration: Marcello Pompa Architektur

LU D’Pläng vun der Gemeng Parc Housen fir de Bau vun engem neie Centre médical um ale Fussballsterrain vis-à-vis vun der neier Gemeng zu Housen huele Gestalt un. Nodeems d’Gespréicher mat den Dékter aus dem traditiounsräichen Houser Centre de Médicine Générale esou wéi mat der Apdiktesch aus der Houser Apdikt zu engem erfollegräichen Ofschloss konnte bruecht ginn, an och de Regierungsrot seng Zoustëmmung zur Schafung vun engem Co-Working-Space mat Büroen fir Mataarbechter vu Ministèren a Verwaltungen an deem geplangte Gebai ginn huet, huet sech haut och de Gemengerot an engem Prinzipienaccord fir d’Weiderféiere vun den entspriechende Planungen mat de Responsabele vum Berodungsbüro MC Luxembourg ausgesprach. Den Ament lafen och Gespréicher mat weideren Akteuren aus dem (para-)medizinesche Beräich, déi de geplangten Centre médical nach weider kéinten opwäerten.

__________

FR Les plans de la Commune du Parc Hosingen pour la construction d’un nouveau centre médical sur le site de l’ancien terrain de football en face de la nouvelle mairie de Hosingen prennent forme. Après que les entretiens avec les médecins généralistes du Centre de Médecine Générale de Hosingen ainsi qu’avec la pharmacienne de la pharmacie de Hosingen ont pu être menés à bien et que le Conseil d’Etat a donné son accord pour la création d’un espace de co-working avec des bureaux pour des collaborateurs ministériels et administratifs dans le bâtiment prévu, le conseil communal s’est prononcé aujourd’hui dans une décision de principe pour la poursuite des planifications correspondantes avec les responsables du bureau de conseil MC Luxembourg. En outre, des discussions sont actuellement en cours avec d’autres acteurs du domaine (para)médical qui pourraient valoriser davantage le centre médical prévu.

__________

DE Die Pläne der Gemeinde Parc Hosingen für den Bau eines neuen medizinischen Zentrums am Standort des ehemaligen Fußballfelds gegenüber dem neuen Rathaus in Hosingen nehmen Gestalt an. Nachdem die Gespräche mit den Allgemeinmedizinern des Hosinger Centre de Médicine Générale sowie mit der Apothekerin der Hosinger Apotheke zu einem erfolgreichen Abschluss gebracht werden konnten, und auch der Regierungsrat seine Zustimmung zur Schaffung eines Co-Working-Space mit Büros für Ministerial- und Verwaltungsmitarbeiter in dem geplanten Gebäude gegeben hat, hat sich der Gemeinderat heute in einem Prinzipienentscheid für das weitere Vorantreiben der entsprechenden Planungen mit den Verantwortlichen des Beratungsbüros MC Luxembourg ausgesprochen. Zurzeit laufen darüber hinaus auch Gespräche mit weiteren Akteuren aus dem (para-)medizinischen Bereich, die das geplante « Centre médical » noch weiter aufwerten könnten.

Unterrichtsminister Claude Meisch besicht nei Mini-Bëschcrèche am Parc Housen

Unterrichtsminister Claude Meisch besicht nei Mini-Bëschcrèche am Parc Housen

LU Ee Mëttwochmoien, de 6. Mäerz 2024, war den Unterrichtsminister Claude Meisch um interkommunale Schoul-, Sport- a Fräizäitkomplex vum Sispolo am Parc Housen op Besuch, wou hie sech vun de Responsabelen an dem Betreiungspersonal vum Sispolo d’Raimlechkeeten an d’Betreiungskonzept vun der neier Mini-Bëschcrèche „Beim Milan“ virstelle gelooss huet, déi zur Rentrée am September 2023 hir Diren opgemaach huet. Flott Andréck aus dem Alldag – an e puer Nohëllefsstonnen am Holzbemolen – krut de Claude Meisch dogéint vun deene klenge Gäscht aus der Mini-Bëschcrèche, déi hei all Dag vun enger Betreiung kënne proftéieren, déi groussendeels dobaussen an der Natur stattfënnt, wouduerch net nëmmen d’Motorik an d’Kreativitéit vun de Kanner, mee och hir sozial Kompetenzen an hirt Ëmweltbewosstsinn besonnesch gefërdert solle ginn.

__________

FR Mercredi matin, le 6 mars 2024, le ministre de l’Education Claude Meisch s’est rendu au complexe intercommunal scolaire, sportif et de loisirs du Sispolo au Parc Hosingen où il s’est fait présenter par les responsables et le personnel d’encadrement du Sispolo les locaux et le concept d’accueil de la nouvelle mini-crèche « Beim Milan » qui a ouvert ses portes à la rentrée scolaire en septembre 2023. En revanche, Claude Meisch a pu se faire une idée précise du quotidien de l’accueil – et prendre quelques leçons de peinture sur bois – auprès des petits hôtes de la Mini-Bëschcrèche, qui bénéficient d’un accueil qui se déroule en grande partie à l’extérieur, dans la nature, et qui vise à développer non seulement la motricité et la créativité des enfants, mais aussi leurs compétences sociales et leur conscience environnementale.

__________

DE Am Mittwochmorgen, dem 6. März 2024, war Unterrichtsminister Claude Meisch auf dem interkommunalen Schul-, Sport- und Freizeitkomplex des Sispolo im Parc Hosingen zu Besuch, wo er sich von den Verantwortlichen und dem Betreuungspersonal des Sispolo die Räumlichkeiten und das Betreuungskonzept der neuen Mini-Bëschcrèche (Waldkinderkrippe) „Beim Milan“ vorstellen ließ, welche zur Schulbeginn im September 2023 ihre Türen geöffnet hat. Einen erstklassigen Eindruck vom Betreuungsalltag – und etwas Nachhilfeunterricht im Holzanmalen – erhielt Claude Meisch dagegen von den kleinen Gästen der Mini-Bëschcrèche, die hier von einer Betreuung profitieren können, die großenteils draußen in der Natur stattfindet, wodurch nicht nur die Motorik und die Kreativität der Kinder, sondern auch ihre sozialen Fähigkeiten und ihr Umweltbewusstsein besonders gefördert werden sollen.

Gemeng Parc Housen begréisst « Forum pour l’Emploi » op sengem neie Site zu Housen

Gemeng Parc Housen begréisst « Forum pour l’Emploi » op sengem neie Site zu Housen

LU Nodeems mëttlerweil déi lescht Maschinne vum ale Site Mapré zu Dikrech erop op Housen geplënnert sinn, ass et der Gemeng Parc Housen eng Freed, de « Forum pour l’Emploi » mat all senge Mataarbechterinnen a Mataarbechter ganz häerzlech op hirem neie Site an der Aktivitéitszon « op der Héi » zu Housen wëllkomm ze heeschen an hinnen op hirer neier Adress vill Erfolleg a Satisfactioun ze wënschen.

__________

FR Après le déméngament des dernières machines de l’ancien site Mapré à Diekirch vers Hosingen, la Commune du Parc Hosingen a le plaisir de souhaiter la bienvenue au « Forum pour l’Emploi » et à tous ses collaborateurs à son nouveau siège social dans la zone d’activités « op der Héi » à Hosingen et de leur souhaiter beaucoup de succès et de satisfaction à leur nouvelle adresse.

__________

DE Nachdem mittlerweile auch die letzten Maschinen vom bisherigen Standort Mapré in Diekirch nach Hosingen transportiert worden sind, ist es der Gemeinde Parc Hosingen eine Freude, das « Forum pour l’Emploi » mit all seinen Mitarbeiterinnen und Mitarbeitern ganz herzlich an ihrem neuen Hauptsitz in der Gewerbezone « op der Héi » in Hosingen willkommen zu heißen und Ihnen an ihrer neuen Adresse viel Erfolg und Zufriedenheit zu wünschen.

Bicherbus: Terminer vu Mäerz bis Juli 2024

Bicherbus: Terminer vu Mäerz bis Juli 2024

LU De Liesbrëll op, de Bicherbus kënnt! Fannt elo d’Terminer vu Mäerz bis Juli 2024.

__________

FR Mettez vos lunettes de lecture, le bibliobus arrive ! Découvrez ici les dates de mars à juillet 2024.

__________

DE Die Lesebrille aufgesetze, der Bücherbus kommt! Entdecken Sie hier die Termine von März bis Juli 2024. 

Méi ëmweltbewosst! Erlaabt der Gemeng, Iech d’Rechnunge per Mail amplaz per Post ze schécken

Méi ëmweltbewosst! Erlaabt der Gemeng, Iech d’Rechnunge per Mail amplaz per Post ze schécken

LU Sidd ëmweltbewosst! Mat dësem Formulaire, erlaabt Dir der Gemeng Parc Housen, Iech Är Rechnunge per Mail amplaz per Post ze schécken.

__________

FR Soyez écologique ! En remettant ce formulaire signé, vous autorisez la Commune de Parc Hosingen à vous faire parvenir vos factures par voie électronique en remplacement de la facture papier.

__________

DE Seien Sie umweltbewusst! Erlauben Sie es der Gemeinde Parc Hosingen mit diesem Formular, Ihnen Ihre Rechnungen per Mail anstatt per Post zuzustellen.

Sispolo: Nei Crèchen zu Housen a Mierschent ginn offiziell Pilotprojete vun der Economie circulaire

Sispolo: Nei Crèchen zu Housen a Mierschent ginn offiziell Pilotprojete vun der Economie circulaire

LU Den Ëmweltministère huet d’Projete vum interkommunale Schoulsyndikat Sispolo zum Bau vun den zwou neie Crèchen zu Housen an zu Mierschent opgrond vun hirer ökologescher Bauweis offiziell zu Pilotprojeten am Beräich vun der Economie circulaire erkläert. Béid vum Architekturbüro Holweck Bingen geplangte Gebaier, déi a Passiv-Bauweis a mat Hanfbléck opgeriicht ginn an ënner anerem Gréngdächer opweisen, wäerte spéider zu 99 % recyclabel sinn.

__________

FR Vu leur caractère écologique, les projets de construction des deux nouvelles crèches du syndicat scolaire intercommunal Sispolo à Hosingen et à Merscheid ont été déclarés projets pilotes en économie circulaire par le Ministère de l’Environnement. En effet, les bâtiments conçus par le bureau d’architectes Holweck Bingen, qui seront érigés en construction passive avec des blocs de chanvre et équipés de toits végétaux, vont être recyclables à 99 %.

__________

DE Aufgrund ihrer ökologischen Bausweise hat das Umweltministerium die Projekte des interkommunalen Schulsyndikats Sispolo zum Bau zweier neuer Kinderkrippen in Hosingen und Merscheid offiziell zu Pilotprojekten im Bereich der Kreislaufwirtschaft erklärt. Die beiden, vom Architektenbüro Holweck Bingen entworfenen Gebäude, die in Passivbauweise mit Hanfblöcken errichtet und u.a. mit Gründächern ausgestattet werden, werden später in der Tat zu 99 % wiederverwertbar sein.

Loosst Är Famill Deel ginn vum Memorial Park Housen

Loosst Är Famill Deel ginn vum Memorial Park Housen

Opruff: Am Kader vum Opbau vum Memorial Park Housen am Houser Waassertuerm sicht d’Gemeng nach Fotoe vun de fréieren Awunner vun Housen aus der Zäit ronderem den Zweete Weltkrich. Dir kritt d’Fotoen nom Scannen selbstverständlech ërem mat heem. Merci jidderengem, dee matmëcht!

Aller au contenu principal