Bicherbus: Terminer vu Mäerz bis Juli 2024

Bicherbus: Terminer vu Mäerz bis Juli 2024

LU De Liesbrëll op, de Bicherbus kënnt! Fannt elo d’Terminer vu Mäerz bis Juli 2024.

__________

FR Mettez vos lunettes de lecture, le bibliobus arrive ! Découvrez ici les dates de mars à juillet 2024.

__________

DE Die Lesebrille aufgesetze, der Bücherbus kommt! Entdecken Sie hier die Termine von März bis Juli 2024. 

Moderniséierungspläng fir de Schéissstand am Bleesdall presentéiert

Moderniséierungspläng fir de Schéissstand am Bleesdall presentéiert

LU Op enger Pressekonferenz ufanks Oktober huet den Arméiminister François Bausch d’Pläng fir d’Renovéierung vum Schéissstand vun der Lëtzebuerger Arméi am Bleesdall virgestallt, deen mat engem Investitiounsbudget vu méi wéi 70 Milliounen Euro nët nëmmen un d’Erausfuerderunge vun enger moderner Arméi, mee och un déi heiteg Normen am Beräich vun der Sécherheet a vun der Aarbechtsgesondheet ugepasst wäert ginn. Weider Infoe fannt Dir och ënnert

www.gouvernement.lu

__________

FR Lors d’une conférence de presse début octobre, le ministre de la Défense François Bausch a présenté les plans de rénovation du champ de tir de l’armée luxembourgeoise au Bleesdall, qui sera adapté non seulement aux défis d’une armée moderne, mais également aux normes actuelles en matière de sécurité et de santé au travail, avec un investissement de plus de 70 millions d’euros. Pour plus d’informations, consultez

www.gouvernement.lu

__________

DE Anlässlich einer Pressekonferenz Anfang Oktober hat Verteidigungsminister François Bausch die Pläne zur Renovierung des Schießstands der Luxemburger Armee im Bleestal vorgestellt, der mit einem Investitionsvolumen von mehr als 70 Millionen Euro nicht nur an die Herausforderungen einer modernen Armee, sondern auch an die heutigen Normen im Bereich der Sicherheit und der Gesundheit am Arbeitsplatz angepasst wird. Weitere Informationen finden Sie auch unter

www.gouvernement.lu

Méi ëmweltbewosst! Erlaabt der Gemeng, Iech d’Rechnunge per Mail amplaz per Post ze schécken

Méi ëmweltbewosst! Erlaabt der Gemeng, Iech d’Rechnunge per Mail amplaz per Post ze schécken

LU Sidd ëmweltbewosst! Mat dësem Formulaire, erlaabt Dir der Gemeng Parc Housen, Iech Är Rechnunge per Mail amplaz per Post ze schécken.

__________

FR Soyez écologique ! En remettant ce formulaire signé, vous autorisez la Commune de Parc Hosingen à vous faire parvenir vos factures par voie électronique en remplacement de la facture papier.

__________

DE Seien Sie umweltbewusst! Erlauben Sie es der Gemeinde Parc Hosingen mit diesem Formular, Ihnen Ihre Rechnungen per Mail anstatt per Post zuzustellen.

Sispolo: Nei Crèchen zu Housen a Mierschent ginn offiziell Pilotprojete vun der Economie circulaire

Sispolo: Nei Crèchen zu Housen a Mierschent ginn offiziell Pilotprojete vun der Economie circulaire

LU Den Ëmweltministère huet d’Projete vum interkommunale Schoulsyndikat Sispolo zum Bau vun den zwou neie Crèchen zu Housen an zu Mierschent opgrond vun hirer ökologescher Bauweis offiziell zu Pilotprojeten am Beräich vun der Economie circulaire erkläert. Béid vum Architekturbüro Holweck Bingen geplangte Gebaier, déi a Passiv-Bauweis a mat Hanfbléck opgeriicht ginn an ënner anerem Gréngdächer opweisen, wäerte spéider zu 99 % recyclabel sinn.

__________

FR Vu leur caractère écologique, les projets de construction des deux nouvelles crèches du syndicat scolaire intercommunal Sispolo à Hosingen et à Merscheid ont été déclarés projets pilotes en économie circulaire par le Ministère de l’Environnement. En effet, les bâtiments conçus par le bureau d’architectes Holweck Bingen, qui seront érigés en construction passive avec des blocs de chanvre et équipés de toits végétaux, vont être recyclables à 99 %.

__________

DE Aufgrund ihrer ökologischen Bausweise hat das Umweltministerium die Projekte des interkommunalen Schulsyndikats Sispolo zum Bau zweier neuer Kinderkrippen in Hosingen und Merscheid offiziell zu Pilotprojekten im Bereich der Kreislaufwirtschaft erklärt. Die beiden, vom Architektenbüro Holweck Bingen entworfenen Gebäude, die in Passivbauweise mit Hanfblöcken errichtet und u.a. mit Gründächern ausgestattet werden, werden später in der Tat zu 99 % wiederverwertbar sein.

Loosst Är Famill Deel ginn vum Memorial Park Housen

Loosst Är Famill Deel ginn vum Memorial Park Housen

Opruff: Am Kader vum Opbau vum Memorial Park Housen am Houser Waassertuerm sicht d’Gemeng nach Fotoe vun de fréieren Awunner vun Housen aus der Zäit ronderem den Zweete Weltkrich. Dir kritt d’Fotoen nom Scannen selbstverständlech ërem mat heem. Merci jidderengem, dee matmëcht!

Aller au contenu principal