Wéinst unhalende Fiichtegkeetsproblemer: Houser Waassertuerm kritt ee neit Kleed

Dernière modification le 28/05/2024

Bild 2: Illustratioun vun der neier Betonsfassad fir den Houser Waassertuerm (Grafik: RW Consult)

Bild 3: Bannen am Tuerm sinn déi schwéier Fiichtegkeetsproblemer net méi ze iwwersinn.

Bild 4: Den éischten Houser Waassertuerm aus dem Joer 1932 gouf um Enn vum Zweete Weltkrich zerstéiert.

Bild 5: Den Houser Waassertuerm, esou wéi e sech den Ament vu bausse presentéiert.

Bild 6: Bannen am Tuerm sinn déi schwéier Fiichtegkeetsproblemer net méi ze iwwersinn.

Bild 7: Mëtt der 1950er Joere gouf ee ganz neien Waasstuerm zu Housen opgeriicht.

LU Wéinst den unhalende Fiichtegkeetsproblemer, déi riskéieren, d’Gemaier schwéier ze beschiedegen an a réigelméissegen Ofstänn bedeitend Renovatiounskäschten ze generéieren, gëtt den Houser Waassertuerm an deene kommende Méint baussen a banne grondleegend sanéiert a mat enger laangfristeg waasserresistenter Betonsfassad agekleed.

En entspriechenden Devis vu 448.000 Euro huet de Gemengerot Parc Housen a senger leschter Sitzung eestëmmeg ugeholl.

No der Zerstéierung vum éischten Tuerm am Zweete Weltkrich a nom Rëmopbau vun engem neien Tuerm Mëtt der 1950er Joeren, kritt dat historescht Bauwierk domat elo op ee neits a senger Geschicht ee neit Gesiicht. Am Waassertuerm, deen och weiderhinn a Betrib bleift, soll no der Sanéierung am Kader vum Projet « Memorial Parc Housen » bekanntlech och eng dauerhaft Ausstellung zur Roll vum Gebai an der Ardennenoffensiv installéiert ginn.

__________

FR En raison de problèmes d’humidité persistants qui risquent d’endommager durablement les murs et de nécessiter d’importants travaux de rénovation à intervalles réguliers, le château d’eau de Hosingen va être profondément rénové à l’intérieur et à l’extérieur dans les prochains mois et revêtu d’une façade en béton hydrofuge à long terme.

Un devis correspondant de 448.000 euros a été approuvé à l’unanimité par le conseil communal du Parc Hosingen lors de sa dernière réunion.

Après la destruction de la première tour pendant la Seconde Guerre mondiale et la reconstruction d’une nouvelle tour au milieu des années 1950, le monument historique fait donc peau neuve pour la nouvelle fois de son histoire. Le château d’eau, qui restera en service, accueillera après sa rénovation une exposition permanente sur le rôle du bâtiment dans la Bataille des Ardennes, dans le cadre du projet « Memorial Parc Housen ».

__________

DE Wegen anhaltender Feuchtigkeitsprobleme, die riskieren, das Gemäuer nachhaltig zu schädigen und in regelmäßigen Abständen bedeutende Renovierungsarbeiten erforderlich zu machen, wird der Hosinger Wasserturm in den kommenden Monaten innen und außen grundlegend saniert und mit einer langfristig wasserabweisenden Betonfassade eingekleidet.

Einen entsprechenden Kostenvoranschlag von 448.000 Euro hat der Gemeinderat Parc Hosingen in seiner jüngsten Sitzung einstimmig angenommen.

Nach der Zerstörung des ersten Turms im Zweiten Weltkrieg und dem Wiederaufbau eines neuen Turms Mitte der 1950er Jahre, erhält das historischen Bauwerk nun also zum erneuten Male in seiner Geschichte ein neues Gesicht. Im Wasserturm, der auch weiterhin in Betrieb bleibt, soll nach der Sanierung bekanntlich im Rahmen des Projekts « Memorial Parc Housen » eine dauerhafte Ausstellung zur Rolle des Gebäudes in der Ardennenoffensive installiert werden.

Des articles de la même catégorie

Nächst Gemengerotsitzung, den 18. Juli 2024

Nächst Gemengerotsitzung, den 18. Juli 2024

LU Een Donneschdeg, den 18. Juli 2024, ass um 8.30 Auer op der Gemeng zu Housen (11, Op der Héi) eng Sitzung vum Gemengerot Parc Housen. __________ FR Le jeudi 18 juillet 2024, à 8.30 heures, aura lieu à la mairie de Hosingen (11, Op der Héi) une séance du conseil...

lire plus
Aller au contenu principal