LU Am Kader vum Klimapakt-Dag 2026 goufen den 8. Mee 2026 an der Stad 47 Gemengen, déi sech kierzlech engem Audit gestallt haten, a Präsenz vum Ëmweltminister Serge Wilmes fir hiren Engagement am Klimapakt mat dem « European Energy Award » (EEA) ausgezeechent. D’Gemeng Parc Housen krut dobäi als eng vun nëmme 15 Gemengen am Land eemol méi eng Goldzertifizéierung. Mat der Ëmsetzung vun 90% vun de Mesuren aus dem EEA-Moossnamekatalog läit d’Gemeng Parc Housen den Ament, zesumme mat der Gemeng Befort, un der Spëtzt vun de Lëtzebuerger Klimapakt-Gemengen.
__________
FR Dans le cadre de la Journée Pacte Climat 2026, 47 communes ayant récemment fait l’objet d’un audit ont reçu, le 8 mai 2026 à Luxembourg-Ville, en présence du ministre de l’Environnement Serge Wilmes, le « European Energy Award » (EEA) pour leur engagement dans le Pacte Climat. La Commune du Parc Hosingen a ainsi obtenu une nouvelle fois la certification Or, comme seulement 15 autres communes du pays. Avec la mise en œuvre de 90 % des mesures du catalogue de l’EEA, la Commune du Parc Hosingen se place actuellement, avec la Commune de Beaufort, en tête des communes luxembourgeoises signataires du Pacte Climat.
__________
DE Im Rahmen des Klimapakt-Tags 2026 wurden am 8. Mai 2026 in Luxemburg-Stadt 47 Gemeinden, die sich jüngst einem Audit unterzogen hatten, im Beisein von Umweltminister Serge Wilmes für ihr Engagement im Klimapakt mit dem « European Energy Award »(EEA) ausgezeichnet. Die Gemeinde Parc Hosinngen erhielt dabei als eine von nur 15 Kommunen des Landes einmal mehr die Goldzertifizierung. Mit der Umsetzung von 90% der Maßnahmen aus dem EEA-Maßnahmenkatalog liegt die Gemeinde Parc Hosingen derzeit, gemeinsam mit der Gemeinde Beaufort, an der Spitze der Luxemburger Klimapakt-Kommunen.





