LU Identifizéiere mir Persounen a Familljen haut an éischter Linn iwwer hir Vir- a Nonimm, esou huet ee sech a fréiere Joerhonnerte virun allem un den Nimm vun hiren Haiser orientéiert. Mam Wuesse vun de Siidlungen hu sech ab dem Mëttelalter lues a lues d’Hausnimm entwéckelt, déi sech op Virnimm oder Flouernimm, deels awer och op Beruffsbezeechnungen oder Kierper- a Charaktereegeschaften vun de Leit ofgeleet hunn.
Fir déi mat deenen alen Hausnimm verbonnen Informatiounen iwwer déi fréier gesellschaftlech Zesummesetzung vun eisen Dierfer ze erhalen, huet d’Kommissioun fir den Erhalt vum historeschen a kommunale Patrimoine vun der Gemeng Parc Housen am Joer 2025 an enker Zesummenaarbecht mat villen alagesiessenen Duerfleit déi fréier Hausnimm aus all hiren 13 Uertschaften zesummegedroen.
Wie säin Haus op dëser Lëscht erëmfonnt huet, dee konnt sech uschléissend op der Gemeng mellen a fir näischt eng Glasplaquette mat sengem alen Hausnumm bestellen. Ronn 280 Leit hu sech mat Begeeschterung un dësem Projet, dee vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau iwwer de Programm vum « Développement villageois » finanziell ënnerstëtzt gouf, bedeelegt an dee fréieren Hausnumm houfreg op hir Fassade ophänke gelooss.
Duerch d’Scanne vum QR-Code op dësem Panneau kënnt Dir awer all déi al Hausnimm aus eisen Dierfer fannen. Vill Freed beim Entdecken!
__________
FR Si aujourd’hui, nous identifions les personnes et les familles principalement par leur prénom et leur nom de famille, au cours des siècles précédents, on se référait surtout au nom de leur maison d’origine. Avec la croissance des agglomérations, les noms de maisons se sont progressivement développés à partir du Moyen Âge, dérivés pour la plupart de prénoms ou de noms de lieux-dits, mais aussi parfois de désignations professionnelles ou de caractéristiques physiques et de personnalité des personnes.
Afin de préserver les informations liées aux anciens noms de maisons sur la composition sociale de nos villages d’autrefois, la commission pour la préservation du patrimoine historique et communal de la Commune du Parc Hosingen a rassemblé en 2025, en étroite collaboration avec de nombreux villageois de longue date, les anciens noms de maisons de l’ensemble de ses 13 localités.
Les personnes qui ont retrouvé leur maison sur cette liste ont ensuite pu s’inscrire auprès de la commune et commander gratuitement une plaque en verre portant l’ancien nom de leur maison. Environ 280 citoyens ont participé avec enthousiasme à ce projet, financé par le ministère de l’Agriculture, de l’Alimentation et de la Viticulture dans le cadre du programme « Développement villageois », et ont fièrement apposé l’ancien nom de leur maison sur la façade.
En scannant le code QR sur ce panneau, vous pouvez retrouver tous les anciens noms de maisons de nos villages. Bonne découverte !
BOCKHOLTZ / BOUKELS
CONSTHUM / KONSTEM
DORSCHEID / DUERSCHT
DORSCHEIDERHÄUSCHEN & LEHMKAUL / DUERSCHTERHAISCHEN & LEEMKAUL
Dorscheiderhäuschen & Lehmkaul
EISENBACH & KOHNENHOF / EESBECH & KOUNENHAFF
HOLZTHUM / HOLZTEM
HOSCHEID / HOUSCHENT
HOSCHEID-DICKT / HOUSCHTER DÉCKT
HOSINGEN / HOUSEN
NEIDHAUSEN / NÄIDSEN
RODERSHAUSEN / ROUDERSSEN
UNTERSCHLINDER & OBERSCHLINDER / ËNNERSCHLËNNER & UEWERSCHLËNNER
Unterschlinder & Oberschlinder
WAHLHAUSEN / WUELËSSEN




