Familljeminister Max Hahn op Aarbechtsvisitt an der Gemeng Parc Housen

Dernière modification le 29/01/2026

LU Am Kader vu sengem Tour duerch d’Schäfferéit vun de Gemengen war de Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, een Donneschdeg op Visitt op der Gemeng zu Housen, fir mam Schäfferot iwwer verschidden Dossieren ze schwätzen, bei deenen de Ministère d’Kooperatioun vun de Gemenge sicht: vun der Bereetstellung vu Wunnstrukture fir Refugieën oder Leit mat enger mentaler oder kierperlecher Aschränkung iwwer d’Implementéierung vum Pakt vum Zesummeliewen bis hin zum Ausbau vun de Betreiungsméiglechkeete vun eelere Leit an der Inklusioun vu Revis-Bezéier am Gemengesecteur.

Zesumme mat der Gemengeconseillère a Presidentin vum interkommunalen Altersheem zu Clierf, Louise Frieseien, huet awer och d’Gemeng Parc Housen verschidde Punkten ugeschwat, wou si d’Ënnerstëtzung vum Ministère brauch, dat virun allem um Niveau vun der Schafung vun temporäre Betreiungsméiglechkeete vun eelere Leit, wann deenen hir Famill emol eng Auszäit vun der Fleeg vun hire Léifste brauchen.

__________

FR Dans le cadre de sa tournée des collèges échevinaux des communes, Max Hahn, ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil, était jeudi l’invité à la mairie de Hosingen afin de discuter avec le collège échevinal de différents dossiers pour lesquels le ministère cherche la collaboration avec les communes : de la mise à disposition de structures d’hébergement pour les réfugiés ou les personnes souffrant d’un handicap mental ou physique à la mise en œuvre du pacte du vivre-ensemble, en passant par le développement des possibilités de prise en charge des personnes âgées et l’inclusion de bénéficiaires de l’aide sociale dans le secteur communal.

__________

DE Im Rahmen seiner Tour durch die Schöffenräte der Gemeinden war Max Hahn, Minister für Familie, Solidarität, Zusammenleben und Unterbringung von Flüchtlingen, am Donnerstag zu Gast im Rathaus in Hosingen, um mit dem Schöffenrat über verschiedene Dossiers zu beraten, bei denen das Ministerium die Zusammenarbeit mit den Kommunen sucht: von der Bereitstellung von Wohnstrukturen für Flüchtlinger oder Menschen mit einer mentalen oder körperlichen Einschränkung über die Implementierung des Pakts des Zusammenlebens bis hin zum Ausbau der Betreuungsmöglichkeiten für ältere Menschen und der Inklusion von Revis-Beziehern im Gemeindesektor.

Gemeinsam mit Louise Frieseisen, Gemeinderätin und Vorsitzende des interkommunalen Seniorenheims in Clerf, sprach aber auch die Gemeinde Parc Hosingen verschiedene Punkte an, bei welcher sie die Unterstützung des Ministeriums braucht, das vor allem hinsichtlich der Schaffung temporärer Betreuungsmöglichkeiten für ältere Menschen, wenn deren Familien einmal eine Auszeit von der Pflege ihrer Liebsten brauchen.

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal