Unterrichtsminister Claude Meisch op Aarbechtsvisite am Parc Housen

Dernière modification le 01/04/2022

Dëse Freideg, den 1. Abrëll, wor den Unterrichtsminister Claude Meisch, zesumme mam Francine Vanolst aus der Generaldirektioun vum Service de l‘Enseignement fondamental (EF) an dem Gérard Roettgers an dem Luc Reis aus der Regionaldirektioun 14 vum EF op Aarbechtsvisite am Parc Housen.

No der Begréissung duerch de Sispolo-President Romain Wester hu sech de Claude Meisch a seng Delegatioun duerch déi interkommunal Schoul-, Sport- a Fräizäitstrukturen am Parc féiere gelooss, wou si sech virun allem iwwer de geplangten Ausbau an d’Reorganisatioun vun de Schoul- a Betreiungsstrukturen vum Sispolo, iwwer de NorTIC, dee sech ëm de sënnvollen Asaz vun de modernen Informatiouns- a Kommikatiounstechnologien an de Schoule aus der Regioun këmmert, an iwwer d‘Classes vertes am Centre écologique informéiere gelooss hunn.

Betount gouf dobäi och déi wichteg regional Roll, déi de Parc Housen mat sengen Institutiounen – dorënner zum Beispill de Naturpark Our oder d’Apemh – am Norde vum Land spillt an déi vill Synergien an Perspektive bitt, déi a Kooperatioun mam Unterrichtsministère weider entwéckelt kënne ginn.

Des articles de la même catégorie