Night Vigil 2021 zu Houschent

Dernière modification le 16/12/2021

Am Kader vun der traditioneller Night Vigil gouf haut um 16. Dezember ëm 6 Auer moies zu Houschent erëm un déi militäresch an zivil Affer vun der Ardennenoffensiv zu Houschent an an der ganzer Regioun geduecht.

Zesumme mam Adjutant-Major Steve Ries vun der Lëtzebuerger Arméi, dem Chargé d’affaires a.i. Casey Mace vun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg an dem Här Daniel Reiland vun de US Veterans Friends huet de Buergermeeschter Romain Wester dobäi a Präsenz vum Gemengerot an zu de Kläng vun der Sonnerie aux morts Blumme bäim Denkmol op der Liberatiounsplaz néiergeluecht, nodeems den Här Dechen Jeannot Gillen virdrun fir all Affer vum Krich gebiet hat.

Ëmgi vun de Vertrieder vun der Quadriga Luxembourg an ënner den Aë vun de Leit hunn de Romain Wester, de Casey Mace an den Daniel Reiland an hiere Rieden nach eemol un déi schrecklech Zäit viru 77 Joer erënnert, mä och ënnerstrach, wéi wichteg den Zesummenhalt an d’Solidaritéit si fir d’Erausfuerderunge vun eiser Zäit ze meeschteren.

Nodeems d’Chorale Ste Cécile vun Houschent ënnert der Leedung vum Carlo Wagener déi amerikanesch an déi lëtzebuergesch Nationalhymne gesong hat, huet d’Gemeng Parc Housen op Kaffi a Kichelcher invitéiert.

Des articles de la même catégorie

Hoscheid-Dickt: arrêt d’autobus inaccessible

Hoscheid-Dickt: arrêt d’autobus inaccessible

Objet: Lignes 137, 552, 553, 554, 555, 606, 840 En raison de travaux routiers, l'arrêt d'autobus Hoscheid-Dickt, Um Wald (sens Schincker - Hoscheid) sera inaccessible et par conséquent déplacé à la hauteur de l'immeuble no 38, Haaptstrooss du lundi 17 janvier au...

lire plus