Lehmkaul: Infrastrukturaarbechte fir Lotissement komme gutt virun

Dernière modification le 20/12/2021
An der Lehmkaul bäi Duerscht sinn d’Aarbechte fir d’Erschléissung vun engem neie Lotissement an der Lescht mam Bau vun enger neier Verbindungsstrooss an engem neie Reeniwwerlafbecke gutt virukommen. Bis Ouschtere missten all Infrastrukturaarbechten op der Plaz ofgeschloss kënne ginn.
Déi 17 Eefamilljenhaiser, déi vum Fonds du Logement no de Kritäre vum soziale Wunnengsbau wäerte verkaf ginn, ginn ewer eréischt gebaut, wann déi nei Kläranlag fir Duerscht, d’Lehmkaul a Näidsen am Summer 2022 a Betrib geet.
Vun de Gesamtkäschte vu ronn 1,65 Milliounen Euro si ronn 38 Prozent zu Laaschte vun der Gemeng Parc Housen, dëst fir d’Erneierung vum Stroossenofschnëtt an der Lehmkaul, wou nieft Kanal a Waasserleitung och Post- a Stroumleitunge verluecht an d’Stroossebeliichtung erneiert gouf.

Des articles de la même catégorie

Hoscheid-Dickt: arrêt d’autobus inaccessible

Hoscheid-Dickt: arrêt d’autobus inaccessible

Objet: Lignes 137, 552, 553, 554, 555, 606, 840 En raison de travaux routiers, l'arrêt d'autobus Hoscheid-Dickt, Um Wald (sens Schincker - Hoscheid) sera inaccessible et par conséquent déplacé à la hauteur de l'immeuble no 38, Haaptstrooss du lundi 17 janvier au...

lire plus