Journée commémorative: Blummenéierleeung zu Konstem

Dernière modification le 17/10/2022

Um Sonndeg, dem 9. Oktober, huet d‘Gemeng Parc Housen zu Konstem um nationale Commémoratiounsdag eemol méi un d‘Solidaritéit an de Courage, mee och un d‘Affer vum Lëtzebuerger Vollék an de Besatzungs– a Krichs-joeren 1940-1945 erënnert.

No der feierlecher Mass an der Kierch, déi vun de Chorales réunies wonnerbar
encadréiert gouf, goufen du virum Monument aux morts ënnert de Kläng vun der Sonnerie Blumme néiergeluecht. An och zu Housen an zu Houschent goufe Blummen bei d‘Denkmäler gesat.

 

Des articles de la même catégorie

Adventsfënsteren an der Gemeng Parc Housen

Adventsfënsteren an der Gemeng Parc Housen

Op Initiativ vun der Sport-, Jugend- a Kulturkommissioun ginn tëscht dem 1. an dem 24. Dezember erëm an den Dierfer vun der Gemeng Parc Housen 15 Adventsfënstere mat schéinen Advents- a Chrëschtdagsmotiver dekoréiert. Op verschiddenen Deeg  gëtt eng Fënster opgemaach,...

lire plus