« Insekten – Superhelden in Gefahr »: Wanderexpo am Parc Housen

Dernière modification le 09/02/2022
A Präsenz vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an der Kulturministesch Sam Tanson hunn d’Naturparken Our, Öewersauer a Mëllerdall kierzelch an Zesummenaarbecht mam Naturmusée am « Kannerhaus am Wëldpark » um Sispolo-Schoulsite am Parc Housen d’Dieren zur interaktiver Wanderausstellung « INSEKTEN – Superhelden in Gefahr » opgemaach.
 
Dës pädagogesch wäertvoll Ausstellung, déi an enger éischter Phase an de Grondschoule vun den dräi Naturparken ze gesi wäert sinn, riicht sëch an éischter Linn u Schoulklassen an aner Kannergruppen, deenen dobäi d’Faszinatioun, mee och déi extrem wichteg Bedeitung vun den Insekten fir eis Ëmwelt an eis Mënschen entdecke kënnen.
 
Ronderëm d’Expo gouf dann och en « Insektenkoffer » mat Unterrichtsmaterial entwéckelt fir den Thema an der Schoul ze verdéiwen. Dës Weidere ginn an de nächste Méint ewer och Workshopen an aner Aktivitéiten an de Naturparken organiséiert, bei deenen een ë. a. léiere kann, wéi een en Insektenhotel baut oder ee naturnoë Gaart uleet.
 
Doriwwer eraus ass d’Ausstellung ewer och Deel vum Sensibiliséierungs- a Fuerschungsrojet « D’Naturparken zu Lëtzebuerg – (een) Insekteräich », dee geziilt Mesure fir den Insekteschutz fërdere soll.
 
All weider Infoë fannt Dir op www.naturpark.lu

Des articles de la même catégorie