Eestëmmeg huet de Gemengerot Parc Housen een Donneschdeg, den 18. Dezember 2025, de Budget fir d’Joer 2026 ugeholl. Mat geplangten Investitiounen an Héicht vu knapp 24 Milliounen Euro am extraordinären Haushaltsdeel ginn d’nächst Joer eng ganz Rei vu bedeitende Projete fir d’Zukunft vun der Gemeng virugedriwwen respektiv op d’Schinn gesat.
Trotz engem ageschriwwenen Emprunt von 1,5 Milliounen Euro, deen awer just bei Bedarf gezu gëtt, steet d’Gemeng mat enger aktueller Pro-Kapp-Schold vun 126 Euro, finanziell weiderhinn op ganz gesonde Been.
Haaptinvestitiounen:
Zu deene wichtegste Projeten 2026 ziele sécherlech déi lafend Infrastrukturaarbechte fir d’Realisatioun vum PAP Op der Héi zu Housen. Am Kader vun dësem Deelbebauungsplang gëtt (am Beräich vum fréiere Foussballsterrain) vis-à-vis vun der neier Gemeng ë.a. ee moderne Centre médical opgeriicht mat zäitgeméisse Raimlechkeete fir déi Houser Hausdokteren, fir weider Fachdokteren a Kinesitherapeuten a fir déi lokal Apdikt. Um zweete Stack vum Gebai kritt iwwerdeems d’Steierverwaltung nei Bürosraim.
Donieft loosse sech am Kader vum PAP Op der Héi awer och eng Veterinärsklinik, ee Weiderbildungszentrum fir d’Lëtzebuerger Handwierk mat neie Raimlechkeete fir de Fleegedéngscht “Hëllef Doheem” an d’APEMH, esou wéi och een neie Centre commercial an d’Entreprise “Rinnen J.P. et Fils ” zu Housen néier.
Fir dëst neit Dingschleeschtungsareal propper ze erschléissen, ginn och déi zwou Stroossen “Op der Héi” a “Bei der Kapell” komplett reamenagéiert an d’Gemeng iwwerhëllt och d’Virfinanzéierung vum éischten Deel vum sougenannte klenge Contournement vun Housen, deen aus Richtung Boukels laanscht deen neie Centre commercial an dat geplangten Neibaugebitt “An der Schwasselsbaach” direkt op d’Strooss Richtung Eesbech féiert.
No der Ouverture vun den neie Sispolo-Crèchen zu Housen an zu Mierschent fléissen 2026 am Schoulberäich weiderhinn héich Investitiounen an den Ausbau vum Schoulsite am Parc Housen, wou den Ament zwee nei Grondschoulgebaier fir de Cycle 1 an de Cycle 2-4 gebaut ginn.
Donieft iwwerhëllt d’Gemeng fir den Unterrichtsministère och d’Virfinanzéierung vum Bau vun zwou sozio-therapeutische Betreiungsstrukturen an der Leemkaul bei Duerscht an zu Housen fir Kanner mat speziellem Fërderbedarf aus der Gemeng an der Regioun.
Am Sportberäich stinn am Parc Housen ë.a. awer och d’Erneierung vum Belag vun den Tennisfelder, an am Kader vum Sispolo d’Erweiderung vun der Kloterwand an der Sportshal an d’Mise en sécurité vun der Gymnastikhal um Programm.
Mat Bléck op de Wunnengsbau sollen 2026 d’Infrastrukturaarbechten fir dat neit Lotissement “Am Aul” zu Rouderssen fir dräi Eefamilienhaiser a sechs Duebelhaiser (12 Wunneenheeten) ulafen. Komplettsanéiert gëtt awer och d’Kirfechtsstrooss zu Rouderssen. Des Weidere sinn am Infrastrukturberäich ze nennen: déi weider Securisatiounsaarbechten op der Haaptstrooss zu Holztem, d’Verleeë vun neie Waasserleitungen tëscht dem Waasserbehälter an dem Wuelësser Wee zu Eesbech, tëscht dem Geisseck an der Haaptstrooss zu Houschent an och tëscht dem Waasserbehälter an der Haaptstrooss zu Rouderssen sou wéi d’Refectioun vun der Strooss “Am Duerf” zu Eesbech an d’Schafe vun engem ëffentleche Parking um Kazebësch zu Boukels.
Am Beräich vum Klimaschutz ginn 13 zousätzlech PV-Anlagen op Gemengegebaier un d’Netz an am Parc Housen ginn och nei Elektro-Bornen um Parking bei der Schwämm installéiert. Doriwwer eraus ginn am Gemengenatelier zu Housen d’Lagerkapazitéiten ausgebaut an och de Fuerpark erweidert.
2026 lafen dann och d’Aarbechte fir de Bau vun engem neien Duerfsall an der Houschter Déckt un an no senger Komplettsanéierung kritt de Centre 2000 zu Houschent nach eng nei Fassad an erneiert Alentouren. Donieft ginn och d’Gemengewunnengen an der aler Schoul zu Duerscht an am ale Paschtoueschhaus zu Eesbech sou wéi och d’Paschtoueschhaus zu Housen an d’Rei gesat.
Um Site vum Memorial Parc Housen steet 2026 d’Ouverture vun enger permanenter Ausstellung zur lokaler Krichsgeschicht am Houser Waassertuerm an d’Aweiung vun engem Denkmol fir déi 28. US Infanterie-Divisioun un. Des Weidere ginn am Sënn vun de Veräiner a Veranstaltungen an der Gemeng nach eemol nei Festzelter, ee PMR-gerechte Sanitärcontainer an een neien digitalen Ecran ugeschaf, deen och fir “Public Viewing”-Eventer ideal ass.
Donieft gëtt eng nei Spillplaz an der Houschter Déckt ugeluecht an zu Eesbech gëtt eng nei geplangt. Zu Näidsen gëtt déi aktuell Spillplaz zudeems erneiert. An op de Kierfechter ginn zu Wuelëssen Plaze fir Caveauen ugeluecht, iwwerdeems an der Houschter Déckt d’Pied tëscht de Griewer an zu Konstem eng bannescht Mauer erneiert ginn.



