Gemengerot Parc Housen: Budget 2024 eestëmmeg ugeholl

Dernière modification le 29/12/2023

Simulatioun: Nei Schoulgebaier am Parc Housen 

Ale Fussballsterrain op der Héi zu Housen

Chantier vun der Kläranlag zu Holztem (August 2023)

Sanéierungsaarbechten um Häregaart zu Eesbech

Kierfecht zu Näidsen

Simulatioun: « Memorial Park »-Ausstellung am Waassertuerm zu Housen

Ëmbauaarbechten an der aler Spuerkeess zu Housen

LU Mat engem eestëmmege Vote gouf en Donneschdeg, den 21. Dezember 2023, am Gemengerot Parc Housen de Budget fir d’Joer 2024 ugeholl. Dank enger gesonder Finanzsituatioun – d’Pro-Kapp-Schold läit den Ament bei net emol 150 Euro – kënnen d’Investitiounen mat extraordinären Dépensen vu knapp 15 Milliounen Euro och weiderhin héich gehale ginn, och wa fir d’Finanzéierung vun neie Schoulgebaier am Parc Housen en Emprunt vun 1,5 Milliounen Euro an ee Grëff an d’Reserve virgesinn ass.

Bildung a Betreiung: Mat der Transformatioun vun der Produktiounskichen an der Houser Kannerstuff, déi de Januar wäert ofgeschloss ginn, dem Bau vun neie Crèchen zu Housen an zu Mierschent (Gemeng Pëtschent) an dem Bau vun zwee neie Grondschoulgebaier am Parc stellen d’Investitiounen am Kader vum Schoulsyndikat Sispolo an deene nächste Joeren – trotz de staatleche Subventiounen – dann och dee gréissten Défi fir de Gemengebudget duer. Bal 8 Milliounen Euro sinn 2024 fir des Aufgaben agedroen.

Duerfentwécklung a Commerce: 2024 sollen awer och d’Pläng an d’Prozedure fir eng Rei vu grousse Projeten am Beräich vun der Duerfentwécklung an dem Commerce zu Housen virugedriwwe ginn. Ronderëm den neie Gemengen- a Fräizäitkomplex « Op der Héi » sollen um ale Fussballsterrain an Zukunft Baufläche fir d’Usidlung vun neie Mëttelstands- an Dingschtleeschuntgsbetriber, vun enger Veterinärspraxis a virun allem vun engem neie Centre médical entstoen, an deem – nieft enger Rei vun zousätzleche Servicer – och déi Houser Dokteren an d’Apdikt nei Perspektive fir d’Zukunft fanne sollen. Am Sënn vun engem adäquate commerce de proximité soll sech op der Héi doriwwer eraus ee Centre commercial néierloossen.

Logement: Am Beräich vum Logement ginn d’nächst Joer virun allem d’Beméiunge fir d’Schafung vun neie Lotissementer zu Housen an zu Rouderssen weidergefouert. Donieft keeft d’Gemeng mam Haus Floener ee weidert Gebai an der Kraeizgaass zu Housen fir erschwéngleche Wunnraum ze schafen an an engems de Charakter am historeschen Duerfkär ze erhalen.

Kläranlagebau: Mam Ofschloss vun de Bauaarbechte fir déi nei Kläranlag zu Holztem an de Kollektoraarbechten zu Konstem wäert d’Gemeng Parc Housen hir intensiv Investitiounen an d’Kanalnetz 2024 ofschléisse kënnen, esou dass dann all Dierfer un eng modern Kläranlag ugeschloss sinn.

Drénkwaasser: Op héchstem Niveau – a mam Drëpsi-Label a Gold ausgezeechent – si mëttlerweil awer och d’Drénkwaasserstrukturen an der Gemeng. Am Parc soll am Kader vun engem Pilotprojet elo och eng mobil Waasseropfang-Poche entstoen fir d’Reewaasser an d’Waasser aus der Schwämm ze sammelen an am Summer fir d’Netze vun de Fussballsterrainen ze notzen.

Infrastrukturaarbechten: Mat Bléck op d’Sanéierung vun der Stroosseninfrastruktur stiechen 2024 besonnesch d’Aarbechten Um Häregaart zu Eesbech, an der Kierfechtsstrooss zu Rouderssen an an der Virstadt zu Holztem eraus. Am Sënn vum Klimaschutz gëtt am Duerfkär zu Konstem och ee neit Nahwärmenetz geschaf, iwwerdeems un d’Nahwärmenetz an der Kraeizgaass zu Housen na weider kommunal Gebaier ugeschloss ginn. Sou gutt wéi ofgeschloss ass awer och d’Ëmstellung vum ganze kommunalen Eclairage public op energiespuerend LED-Technik.

Kierfechter: 235.000 Euro sinn am Budget fir Erneierungsaarbechten op de Kierfechter virgesinn, dëst virun allem zu Näidsen, zu Boukels, zu Wuelessen an zu Eesbech, wou och de Parking mat erneiert gëtt.

Centre culturels: Nieft der Mise en sécurité vun de Kulturzentren zu Housen an zu Houschent, ginn d’Aarbechte fir een Duerfsall am ale Paschtoueschhaus zu Eesbech weider. 150.000 Euro sinn awer och fir d’Etude fir een neien Duerfsall an der Houschter Déckt ageplangt.

Tourismus a Kultur: Am Houser Waassertuerm soll am Laf vum Joer mat der Ariichtung vun enger permanenter Ausstellung zur Ardennenoffensiv an der Rekonstruktioun déi éischt Phase vum Projet Memorial Park Housen ëmgesat ginn. Um Site soll donieft ee Monument fir déi vill Affer vu Minen an der Nokrichszäit entstoen. Zesumme mam Staat ginn des Weideren d’Pläng fir d’Schafung vun engem kohärenten Vëlsonetz weidergedriwwen, dat all Uertschaften an der Gemeng ubanne soll.

Sport a Fräizäit: Wéinst der héijer Auslaaschtung vum Stade Georges Wohlfart am Parc gëtt deen ale Sportsterrain zu Konstem als Fussballsterrain fir Trainings- a Jugendaarbecht reaménagéiert. An der aler Spuerkeess zu Housen wäert de Jugendtreff Norden am Laf vum Joer eng nei Heemecht kréien, iwwerdeems um éischte Stack eng Noutfallwunneng ageriicht gëtt.

 

 

 

 

Des articles de la même catégorie

Onbekannten Hond bäi der Dosberbréck fonnt ginn

Onbekannten Hond bäi der Dosberbréck fonnt ginn

LU Um Mëttwochowend gouf an engem Bëschwee bäi der Dosberbréck een Hond (onbekannt Rass) fonnt, deen un ee Bam ugestréckt war. Den Hond ass den Ament am Atelier vun der Gemeng Parc Housen ënnerbruecht, vu wou aus hien awer an d'Déierenasyl op Gaasperech wäert bruecht...

lire plus
Aller au contenu principal