LU Fir mat Bléck op déi weider Duerf- a Baulückenentwécklung eng laangfristeg Kohärenz bei den Hausnummeren ze behalen a fir d’Stroossenimm all un de Lëtzbuerger Sproochgebrauch unzepassen, huet de Gemengerot a senger leschter Sitzung beschloss – esou wéi et och scho fir déi fréier Gemengen Housen an Houschent gemaacht gouf – d’Stroossennimm an d’Hausnummeren an den Dierfer Konstem an Holztem nei festzeleeën.
Déi entspriechend Propositioun gëtt domat elo op den Instanzewee geschéckt, fir viraussichtlech d’nächst Joer am Fréijoer kënnen ëmgesat ze ginn. D’Bierger ginn am Virfeld fréizäiteg iwwer all doduerch néideg Demarchen informéiert.
__________
FR Afin de garantir une cohérence à long terme en matière de numérotation des maisons et d’adapter les noms de rue à l’usage linguistique luxembourgeois, le conseil communal a décidé, lors de sa dernière séance, de redéfinir les noms de rue et les numéros de maison dans les localités de Consthum et Holzthum, comme cela a déjà été fait dans les anciennes communes de Hosingen et Hoscheid.
La proposition correspondante va maintenant être envoyée par voie d’instance pour être mise en œuvre probablement au printemps de l’année prochaine. Les citoyens seront informés au préalable de toutes les exigences qui en découlent.
__________
DE Um, hinsichtlich der weiteren Dorf- und Baulückenentwicklung, eine langfristige Kohärenz bei den Hausnummern zu gewährleisten und die Straßennamen zugleich an den lxuemburgischen Sprachgebrauch anzupassen, hat der Gemeinderat in seiner jüngsten Sitzung beschlossen, – so wie auch bereits in den ehemaligen Gemeinden Hosingen und Hoscheid geschehen – die Straßennamen und Hausnummern in den Ortschaften Consthum und Holzthum neu festzulegen.
Der entsprechende Vorschlag wird nun auf den Instanzenweg geschickt, um voraussichtlich im Frühling kommenden Jahres zur Umsetzung zu gelangen. Die Bürger werden im Vorfeld über sämtliche, damit einhergehenden Anforderungen informiert.