Gemeng Parc Housen wëllt Planunge fir Contournement fir d’Houschter Déckt virun dreiwen

Dernière modification le 23/03/2023

LU A senger Sitzung vum Donneschdeg, dem 23. Mäerz 2023, huet de Gemengerot vun der Gemeng Parc Housen dem Schäfferot unanime d‘Mandat erdeelt, fir Gespréicher mat de betraffene Ministèren a Verwaltungen ze sichen en vue vun der Planung vun engem Contournement fir d’Houschter Déckt.

Ass d’Gemeng och frou, dass Enn Mee 2023 – no méi wéi 50 Joer vu Fuerderungen a Virbereedungen – de Spuetestëch fir de Contournement vun Housen wäert erfolgen, sou betrëfft d‘Modernisatioun vun der N7 d’Gemeng dach um ganzen Tracé tëscht der Maarkebaach an der Leemkaul.

Well d’Gesetz zur Securisatioun vun der N7 awer um Tronçon vun der Houschter-Déckt iwwer de Schinker bis op Housen keng konkret Upassunge virgesäit, wëll de Gemengerot elo proaktiv virgoen an d’Nationalpolitik ureegen, dës Planungen a Gang ze setzen, woubäi d’Gemeng folgend Léisungsvirschléi verfollegt:

  • An der Uertschaft Houschter Déckt soll d’Vitesse op der N7 mat Bléck op d’Sécherheet esou séier wéi méiglech op 50 km/h reduzéiert ginn. Eng entspriechend Demande vun der Gemeng ass schonn agereecht ginn.
  • Gläichzäiteg sollen d’Planunge fir d’Schafe vun engem Contournement fir d’Houschter Déckt entaméiert ginn. An dësem Sënn huet de Gemengerot viru Kuerzem a sengem grondsätzlech positiven Avis zur geplangter Ausweisung vun engem Naturschutzgebitt Schlënnerdall-Molberlee gefuerdert, een 200 Meter breede Korridor laanscht d’Uertschaft Houschter Déckt fir den Tracé vun engem spéidere Contournement reservéiert ze loossen.
  • Mat Bléck op déi wuessend Bedeitung vum Rond-Point Schinker als Dréikräiz am ëffentlechen RGTR-Bustrafic, mee och mat Bléck op déi wuessend Zuel vu Busser, déi den Ament am Parc Quaie blockéieren an zu engem Sécherheetsproblem ginn, fuerdert de Gemengerot doriwwer eraus, dass de Schinker mat sengem Park&Ride zu engem ugemiessene Pôle d’échange mat engem gesécherten Iwwergang iwwer/ënnert d‘N7, mat Dréi- a Stellplaze fir d’Busser a mat sanitären Anlage fir d’Chauffeuren ausgebaut gëtt. Dës Planunge sollen och elo am Kader vun de Pläng zur Securisatioun vun der N7 an Ugrëff geholl ginn.
  • Des Weidere sollen en vue vun der Stäerkung vun der Mobilité douce d’Viraussetzunge geschafe ginn, fir ee kommunalt Vëlosnetz kënnen ze schafen, dat all Dierfer vun der Gemeng ënnerenee verbënnt an dobäi och den Uschloss un déi bestehend resp. geplangte national Vëlospisten PC 22 (vu Lellgen iwwer Wuelessen op Bëttel) a PC 7 (vun Houschent Richtung Housen) kritt.

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal