Nach bis de 26. Juni ass an der Houser Kierch d’Ausstellung « Ons zerschloen Dierfer » ze gesinn, déi vum nationale Militärmusée vun Dikrech an Zesummenaarbecht mam Dikrecher Geschichtsmusée konzipéiert gouf.
Kommt a gitt méi gewuer iwwer d’Zäit vun der Rekonstruktioun an eiser Géigend no den Zerstéierunge vun der Ardennnenoffensiv. D’Expo ass all Dag tëscht 9 an 18 Auer op.