LU Virun kuerzem huet d’Kommissioun fir interkulturellt Zesummeliewen zesumme mam Gemengerot déi nei Awunnerinnen an Awunner vun der Gemeng Parc Housen op eng Wëllkommenssoirée am Centre communal zu Konstem agelueden. Ronn 25 nei Bierger waren dëser Invitatioun gefollegt a goufen offiziell wëllkomm geheescht.
No de Begréissungswierder a Presentatiounen vun der Gemeng duerch de Gilles Thilgen, als Vertrieder vum Schäfferot, an dem Marc Bingen, President vun der Kommissioun, krut all neie Stot eng kleng Corbeille. Aacht kommunal Veräiner hunn uschléissend hir Aktivitéite virgestallt, ier den Owend a gemittlecher Atmosphär ausklénge gelooss gouf an eng flott Geleeënheet fir nei Bekanntschafte gebueden huet.
__________
FR Récemment, la commission du vivre-ensemble interculturel, en collaboration avec le conseil communal, a invité les nouveaux habitants de la Commune du Parc Hosingen à une soirée de bienvenue organisée au centre communal de Consthum. Environ 25 nouveaux citoyens ont répondu à l’invitation et ont été officiellement accueillis.
Après les mots de bienvenue et la présentation de la commune par Gilles Thilgen, représentant du collège échevinal, et Marc Bingen, président de la commission, chaque nouveau ménage s’est vu remettre une petite corbeille de bienvenue. Huit associations communales ont ensuite présenté leurs activités. La soirée s’est déroulée dans une ambiance conviviale, offrant une belle occasion de faire de nouvelles connaissances.
__________
DE Kürzlich hatte die Kommission für das interkulturelle Zusammenleben in Zusammenarbeit mit dem Gemeinderat die neuen Einwohner der Gemeinde Parc Hosingen zu einem Willkommensabend im Gemeindezentrum in Consthum eingeladen. Rund 25 neue Bürger waren der Einladung gefolgt und wurden offiziell begrüßt.
Nach der Begrüßung und der Vorstellung der Gemeinde durch Gilles Thilgen, Vertreter des Schöffenrats, und Marc Bingen, Vorsitzender der Kommission, erhielt jeder neue Haushalt einen kleinen Willkommenskorb. Anschließend stellten acht kommunale Vereinesich und ihre Aktivitäten vor. Der Abend verlief in einer freundlichen Atmosphäre und bot eine gute Gelegenheit, neue Bekanntschaften zu schließen.



