Dr. Laurent Schley huet zu Housen iwwer de Retour vum Wollëf referéiert

Dernière modification le 30/08/2024

LU Nodeems viru Kuerzem bei Konstem een Déier gesi gi war, bei deem net ausgeschloss konnt ginn, dass et sech ëm ee Wollëf gehandelt huet, hate sech um Donneschdegowend, dem 29. August 2024, ronn 60 interesséiert Bierger am Centre culturel zu Housen afonnt, wou den Dr. Laurent Schley, Directeur ajoint bei der ANF an Expert am Beräich Groussraubdéieren, iwwert de Retour vum Wollëf an eise Géigende referéiert huet.

Den Dr. Schley huet dobäi – ouni Verharmlosung oder Verherrlechung – iwwer d’Chancen an och d’Konfliktpotenzial vum nei ze léierenden Ëmgang mam Wollëf zu Lëtzebuerg geschwat a sech och de Froe vum Publikum gestallt. D’Gemeng Parc Housen seet der ANF an dem Här Dr. Schley Merci fir dësen opschlossräichen Owend.

Méin Infoen zum Wollëf zu Lëtzebuerg fannt Dir hei an der Info-Broschür vun der ANF

__________

FR Suite à l’observation récente d’un animal dont on ne peut exclure qu’il s’agisse d’un loup près de Consthum, une soixantaine de citoyens intéressés s’étaient réunis jeudi soir 29 août 2024 au centre culturel de Hosingen, où le Dr. Laurent Schley, directeur adjoint de l’ANF et expert en grands prédateurs, a donné une conférence sur le retour du loup dans nos contrées.

Le Dr. Schley a parlé – sans minimiser ni glorifier – des chances, mais aussi du potentiel de conflit dans le nouvel apprentissage de la gestion du loup au Luxembourg et a ensuite répondu aux questions du public. La Commune du Parc Hosingen remercie le Dr. Schley pour cette soirée instructive.

Vous trouverez plus d’informations sur le loup au Luxembourg ici dans la brochure d’information de l’ANF

__________

DE Nachdem kürzlich bei Consthum ein Tier gesichtet worden war, bei dem nicht ausgeschlossen werden kann, dass es sich um einen Wolf gehandelt hat, hatten sich am Donnerstagabend, dem 29. August 2024, rund 60 interessierte Bürger im Kulturzentrum in Hosingen eingefunden, wo Dr. Laurent Schley, beigeordneter Direktor der ANF und Experte im Bereich Großraubtiere, zur Rückkehr des Wolfs in unseren Gefilden referiert hat.

Dr. Schley hat dabei – ohne Verharmlosung noch Verherrlichung – über die Chancen, aber auch das Konfliktpotenzial im neu zu erlernenden Umgang mit dem Wolf in Luxemburg gesprochen und sich anschließend auch den Fragen des Publikums gestellt. Die Gemeinde Parc Hosingen bedankt sich bei Dr. Schley für diesen aufschlussreichen Abend.

Mehr Informationen zum Wolf in Luxemburg finden Sie hier in der Info-Broschüre der ANF

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal