De Premier Xavier Bettel war op Visite bäi B Medical Systems zu Housen

Dernière modification le 20/10/2022
🇱🇺 Dëser Deeg war de Premierminister Xavier Bettel am Haaptsëtz vun der Entreprise B Medical Systems zu Housen op Besuch, wou hie sech – no der rezenter Iwwernam vu B Medical Systems duerch den US-Konzern Azenta – a Begleedung vum Dr. Stephen S. Schwartz an dem Luc Provost, de CEO’s vun Azenta a B Medical, a vum Buergermeeschter Romain Wester iwwer d’Produktiounskapazitéiten an déi global Expansiounspläng vum Betrib, mee och iwwer seng Bedeitung fir d’Lëtzebuerger Economie informéiert huet.
B Medical Systems ass mëttlerweil ee weltwäite Leader an der Offer vu Produktléisungen fir d’Oprechterhale vu Killketten an den Transport vun Impfstoffer, wat grad an der Corona-Pandemie eng enorm Bedeitung krit huet.
🇫🇷 Après la reprise de l’entreprise par le groupe américain Azenta, Monsieur le Premier Minister Xavier Bettel a récemment rendu visite au siège principal de B Medical Systems à Hosingen. Accompagné par les CEO d’Azenta et de B Medical Systems, MM. Dr. Stephen S. Schwartz et Luc Provost, ainsi que par M. le Bourgmestre Romain Wester, M. Bettel s’est informé sur les capacités de production et les plans d’expansion de cette entreprise de renommée internationale qui joue également un rôle primordial pour l’économie luxembourgeoise.
Aujourd’hui, B Medical Systems est un leader mondial dans le domaine de l’offre de dispositifs de réfrigération pour vaccins et de systèmes de transport garantissant une chaîne du froid ininterrompue – des solutions, qui ont gagnées une importance cruciale lors de la pandémie du Covid-19.

Des articles de la même catégorie

Adventsfënsteren an der Gemeng Parc Housen

Adventsfënsteren an der Gemeng Parc Housen

Op Initiativ vun der Sport-, Jugend- a Kulturkommissioun ginn tëscht dem 1. an dem 24. Dezember erëm an den Dierfer vun der Gemeng Parc Housen 15 Adventsfënstere mat schéinen Advents- a Chrëschtdagsmotiver dekoréiert. Op verschiddenen Deeg  gëtt eng Fënster opgemaach,...

lire plus