Andréck vum Night Vigil um 16. Dezember 2022 zu Houschent

Dernière modification le 29/03/2023
LU Haut, um fréie Moie vum 16. Dezember 2022, huet d’Gemeng Parc Housen am Kader vun hirer traditioneller Night Vigil zu Houschent a Präsenz vum amerikaneschen Ambassadeur Thomas M. Barrett eemol méi den amerikanesche Befreier an allen Affer vun der Ardennenoffensiv 1944/45 geduecht.
Dem Buergermeeschter Romain Wester an dem Schäffen- a Gemengerot wor et dobäi eng Freed, zesumme mam Ambassadeur a mam Här Marcel Scheidweiler, Initiateur vun de « Remember US »-Gedenktafelen, eng nei Informatiounstafel nieft dem Monument op der Liberatiounsplaz anzeweihen, déi och d’Affer an d’Leeschtunge vun der 28th US-Infantry Division wäerend der Ardennenoffensiv ronderem Houschent besonnesch ervirsträiche soll.
Zesumme mam Adjutant-Major Steve Ries, dem Ambassadeur Thomas M. Barrett, dem President vun den US Veterans Friends, Daniel Reiland, an dem Här Marcel Scheidweiler hunn de Buergermeeschter Romain Wester an de lokale Schäffe Georges Majerus duerno Blumme beim Monument néiergeluecht.
Nom Virdroe vun der Sonnerie aux morts vum Clairon d’honneur Edmond Faber an de Nationalhymnen vun der Chorale Houschent ënnert der Direktioun vum Carlo Wagener huet d’Gemeng du jiddereen op eng gutt Tass Kaffi bäi deem kale Wieder invitéiert.

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal