Gemengerot Parc Housen: Centre de compétences vum Handwierk, APEMH a Stëftung Hëllef Doheem plange gemeinsame Site « Op der Héi » zu Housen

Dernière modification le 18/10/2024

Grafik: Architecture & Urbanisme 21 – Yvore Schiltz et Associés

LU A senger Sitzung vum Donneschdeg, dem 17. Oktober 2024, huet sech de Gemengerot Parc Housen an enger Prinzipiendecisioun eestëmmeg derfir ausgeschwat, dem Centre de compétences – Génie Technique Bâtiment, der APEMH an der Stëftung Hëllef Doheem ee Reservéierungskontrakt fir ee Gelänn um Site vum PAP « Op der Héi » zu Housen ze ginn, fir do ee gemeinsamt, zukunftsorientéiert Verwaltungs- an Ateliersgebai opzeriichten.

Wäerend de Centre de compétences sech esou mat engem Formatiounszentrum fir eng grouss Zuel vun Handwierksberuffer ee Standbeen am Norde vum Land wëll verschafen, profitéiert d’APEMH dervun, fir nei Ausbildungsraimlechkeeten an en eegenen Atelier fir d’Käerzeproduktioun op Housen ze kréien an domat méi Fräiraum am Parc fir hir Ateliersaktivitéiten ze schafen. D’Stëftung Hëllef Doheem envisagéiert hirersäits, de Centre d’aides et de soins vu Konstem an de Centre de jour vun Holztem op een zentralen a moderne Site ze transferéieren, wou si zudem eng Struktur mat Vakanzebetter fir d’temporär Betreiung vun eelere Leit mat aplangen, wann deenen hir Familljememberen emol eng Auszäit vun der Verfleegung vun hire Léifste wëllen huelen.

Zesumme mat dem geplangte Centre médical fir d’Dokteren an d’Apdikt vun Housen a weider medezinesch Spezialisten esou wéi fir eng nei Veterinärsklinik versprécht de Site « Op der Héi » zu Housen domat, sech zu engem richtege medizinesch-sozialen Zentrum ze entwéckelen.

__________

FR Lors de sa séance du jeudi 17 octobre 2024, le conseil communal de la Commune du Parc Hosingen s’est prononcé à l’unanimité, par une décision de principe, en faveur de l’octroi d’un contrat de réservation au Centre de compétences – Génie Technique Bâtiment, à l’APEMH et à la Stëftung Hëllef Doheem pour un terrain sur le site du PAP « Op der Héi » à Hosingen afin d’y construire un bâtiment administratif et des ateliers communs.

Tandis que le Centre de compétences souhaite se doter d’un centre de formation pour de nombreux métiers artisanaux dans le nord du pays, l’APEMH profite de l’occasion pour obtenir de nouveaux locaux de formation avec son propre atelier de fabrication de bougies à Hosingen et ainsi créer plus d’espace dans le Parc pour ses activités d’atelier. De son côté, la Stëftung Hëllef Doheem vise à transférer son Centre d’aides et de soins de Consthum et son centre de jour pour personnes âgées de Holzthum sur un site central et moderne à Hosingen, où elle prévoit en outre une structure avec des lits de vacances pour l’accueil temporaire de personnes âgées et dépendantes, lorsque leurs proches souhaitent s’accorder une pause temporaire dans les soins à leurs proches.

Avec le centre médical prévu pour les médecins généralistes et la pharmacie de Hosingen respectivement pour d’autres médecins-spécialistes ainsi qu’avec une nouvelle clinique vétérinaire, le site « Op der Héi » à Hosingen promet ainsi de devenir un véritable centre médico-social.

__________

DE In seiner Sitzung vum Donnerstag, dem 17. Oktober 2024, hat sich der Gemeinderat Parc Hosingen in einem Prinzipienentscheid einhellig dafür ausgesprochen, dem Centre de compétences – Génie Technique Bâtiment, der APEMH und der Stëftung Hëllef Doheem  einen Reservationsvertrags für ein Gelände am Standort des PAP « Op der Héi » in Hosingen zu gewähren, um dort ein gemeinsames Verwaltungs- und Ateliergebäude zu errichten.

Während das Centre de compétences sich so mit einem Fortbildungszentrum für zahlreiche Handwerksberufe ein Standbein im Norden des Landes verschaffen möchte, profitiert die APEMH von der Gelegenheit, um neue Ausbildungsräume samt eigenem Atelier für die Kerzenherstellung in Hosingen zu erhalten und so im Parc mehr Freiraum für ihre Atelier-Aktivitäten zu schaffen. Die Stëftung Hëllef Doheem strebt ihrerseits an, ihr Centre d’aides et de soins in Consthum und ihre Tagesstätte für ältere Menschen in Holzthum an einen zentralen und modernen Standort in Hosingen zu verlagern, wo sie zudem eine Struktur mit Ferienbetten für die temporäre Aufnahme von älteren und pflegebedürftigen Menschen einplant, wenn sich deren Angehörige vorübergehend eine Auszeit von der Pflege ihrer Liebsten gönnen wollen.

Zusammen mit dem geplanten Ärztehaus für die Allgemeinmediziner und die Apotheke aus Hosingen bzw. für weitere Fachärzte sowie mit einer neuen Tierklinik verspricht das Areal « Op der Héi » in Hosingen damit, sich zu einem echten medizinisch-sozialen Zentrum zu entwickeln.

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal