LU Tëscht dem 18. an dem 22. September 2024 passéiert de Skoda Tour de Luxembourg direkt op dräi Etappen d’Gemeng Parc Housen:
– E Mëttwoch, den 18. September, fueren d’Coureuren am Nomëtteg vu Mierschent kommend duerch Houschent an d’Ënnerschlënner a Richtung Lëppschent
– E Freideg, den 20. September, kommen d’Coureure am Nomëtteg fir d’éischt vu Bastenduerf iwwer de Groësteen a Wuelëssen erfort op de Schinker an duerch Housen, iert se weider op Näidsen a vun do aus op Mecher a Wäicherdang fueren. D’Arrivée ass deen Dag zu Dikrech.
– E Sonndeg, den 22. September, fueren d’Coureure géint der Mëtteg vu Mierschent iwwert d’Veianerstrooss op de Schinker an dann iwwer Holztem a Konstem erof op Kautebaach.
All Horaire fannt Dir hei niewendrun respektiv op www.skodatour.lu
Wéinst dem Skoda Tour de Luxembourg kënnt et e Freideg, den 20. September, awer och tëscht 13 a 16.30 Auer zu Ännerunge an de Fuerpläng vu veschiddenen RGTR-Buslinnen. D’Linn 154 (Maarnech-Duerscht-Wëlwerwolz) fiert deen Ament net op Duerscht, Näidsen a Siwenaler. All Infoen heizou fannt Dir och hei en annexe am Avis vum RGTR.
__________
FR Entre le 18 et le 22 septembre 2024, le Skoda Tour de Luxembourg traversera la Commune du Parc Hosingen en trois étapes :
– Le mercredi 18 septembre, les coureurs partiront l’après-midi de Merscheid et traverseront Hoscheid et Unterschlinder en direction de Lipperscheid.
– Le vendredi 20 septembre, les coureurs viendront d’abord l’après-midi de Bastendorf via le « Groësteen » et Wahlhausen vers le Schinker et à travers Hosingen, avant de continuer vers Neidhausen et de là vers Mecher et Weicherdange. L’arrivée de cette étape se situe à Diekirch.
– Le dimanche 22 septembre, les coureurs partiront vers midi de Merscheid par la route de Vianden jusqu’au Schinker, pour ensuite descendre vers Kautenbach via Holzthum et Consthum.
Vous trouverez tous les plans des parcours en annexe ou sur www.skodatour.lu.
En raison du Skoda Tour de Luxembourg, les horaires de plusieurs lignes de bus RGTR seront également modifiés le vendredi 20 septembre entre 13h et 16h30. Vous trouverez toutes les informations à ce sujet dans le communiqué du RGTR.
__________
DE Zwischen dem 18. und 22. September 2024 durchquert die Skoda Tour de Luxembourg gleich auf drei Etappen die Gemeinde Parc Hosingen:
– Am Mittwoch, dem 18. September, fahren die Fahrer am Nachmittag von Merscheid aus kommend durch Hoscheid und Unterschlinder in Richtung Lipperscheid.
– Am Freitag, dem 20. September, kommen die Fahrer am Nachmittag zunächst von Bastendorf über den « Groësteen » und Wahlhausen zum Schinker und durch Hosingen, ehe es weiter nach Neidhausen und von dort aus nach Mecher und Weicherdingen geht. Das Ziel dieser Etappe liegt in Diekirch.
– Am Sonntag, dem 22. September, fahren die Fahrer gegen Mittag von Merscheid über die Viandenerstraße zum Schinker, um alsdann über Holzthum und Consthum nach Kautenbach hinabzufahren.
Sämtliche Streckenpläne finden Sie anbei bzw. auf www.skodatour.lu
Wegen der Skoda Tour de Luxembourg kommt es am Freitag, dem 20. September, aber auch zwischen 13 und 16.30 Uhr zu Anpassungen an den Fahrplänen mehrerer RGTR-Buslinien aus. Alle Infos dazu finden Sie ebenfalls anbei in der entsprechenden Mitteilung des RGTR.